Mumm Sweet Mumm
lëtzebuergesche Film vum Paul Scheuer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Mumm Sweet Mumm ass e lëtzebuergesche Film vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer, deen den 20. Oktober 1989 seng Première hat.
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
Den John E. Diderich, e räichen Amerikaner, reest op Lëtzebuerg fir endlech de Musical aus Clausen ze gesinn, aus deem seng Bomi him ëmmer Lidder gesongen huet, an an deem si als jonkt Meedchen d'Haaptroll gespillt hat.
Nodeems hien eng déck Zomm Sue sprange gelooss huet, ginn dräi verschidde Regisseure sech dru fir dat Stéck nei opzeféieren, et handelt sech heibäi ëm d'Mumm Séis vum Dicks.
Soss
De Film ass eng Zort Brennglas vun der lëtzebuergescher Kulturszeen vum Enn vun den 1980er Joren; nieft der Hellewull vu Schauspiller a Museker, déi un den Inzenéierunge vun der Mumm Séis bedeelegt sinn, hunn och en ettlech aner Leit aus deem Milieu - Journalisten, Kulturbeamten, Regisseuren,... - Cameo-Optrëtter.
E gouf am Ganze vun 26.867 Leit gesinn.[1]
Wat sot d'Press?
[L]e film est constamment drôle, débordant d'imagination. Sans être véritablement du cinéma pur et dur, ce n'est pas non plus le 'théâtre filmé' qu'on a trop souvent vu à Luxembourg [...] "Mumm, sweet Mumm" est un film enthousiasmant qui brosse le portrait légèrement ironique d'un milieu particulier en se moquant à l'occasion - gentiment, comme le fait toujours l'AFO - d'une mentalité assez typiquement luxembourgeoise. Le cinéma luxembourgeois n'est pas assez riche pour bouder ce film qui n'est peut-être pas le plus achevé mais certainement un des plus orginiaux et des plus divertissants de son histoire.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
- Forum N°115, Quand j'entends le mot culture... vum Viviane Thill, November 1989, Säit 24-25
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

