NEOShield

From Wikipedia, the free encyclopedia

NEOShield
Remove ads

NEOShield ass eng international vun der EU ënnerstëtzt Initiativ, fir d'Méiglechkeeten z'erfuerschen, wéi déi planetar Verdeedegung bei Gefor fir d'Mënschheet, déi vun äerdnoen Objete kéint kommen, (NEO, Asteroiden déi d'Äerdbunn kräizen) ausgesi kënnt.[1] De primäre Fuerschungszweck ass méiglech Methode vun enger Asteroidenofwier (Kinetic Impactor, Blast Deflection und Gravity Tractor) z'ënnersichen.[2] De Fuerschungsprojet huet am Januar 2012 ugefaangen.

Thumb
Simulatioun vum Asteroiden-Rendevous (153814) 2001 WN5 am Juni 2028
Remove ads

Projetmemberen

Um internationale Fuerschungsprojet bedeelege sech Wëssenschaftler a Fuerschungsinstitutiounen aus europäesche Länner souwéi Russland an den USA.

Bedeelegt sinn ë. a. Astrium (Däitschland, Frankräich a Groussbritannien), Deimos Space (Spuenien), d'Queen's University Belfast (GB), de Paräisser Observatoire (Frankräich), de Centre national de la recherche scientifique (Frankräich), d'Open University (GB), den TsNIIMash (Russland), de SETI-Institut (USA), d'University of Surrey (GB) an d'Fraunhofer-Institut für Kurzzeitdynamik (Däitschland).[3],[4]

De Projetskoordinater ass déi däitsch Raumfaartagentur DLR.

Remove ads

Finanzéierung

Den NEOShield gëtt als Deel vum EU-FP7-Programm mat 4 Milliounen Euro finanzéiert a soll bis Mëtt 2015 lafen.[5] Weider 1,8 Milliounen Euro gi vun de bedeelegte Fuerschungsariichtungen opbruecht.[6]

Kuckt och

Portal Astronomie

  • B612 Foundation
  • Space Situational Awareness

Um Spaweck

Remove ads

Referenzen

  1. Mitigation of the NEO Impact Threat oosa.unvienna.org, pdf ofgeruff den 22. Februar 2013
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads