NGC 3603

Niwwel From Wikipedia, the free encyclopedia

NGC 3603
Remove ads

Den NGC 3603 ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Puppis, deen op enger Distanz vun 20.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech läit. Den NGC 3603 ass am Carina-Aarm vun eiser Mëllechstrooss an ass ronn 26.000 Liichtjoer vum Zentrum vun eiser Galaxis ewech, ongeféier grad sou wäit ewech wéi eis Sonn.

Méi Informatiounen Date vum NGC 3603 ...

Den NGC 3603 ass awer och en oppene Stärekoup, an deen de gréisste Koup vu Risestären, déi sougenannt Wolf-Rayet-Stären, an eiser Mëllechstrooss ass. Dee Stärekoup ass e ganz aktiivt H-II-Gebitt mat vill jonke Stären, déi ronn 2 Millioune Joer al sinn.

Lénks vum oppene Stärekoup steet de massive Stär Sher 25, um Hubble-Bild, lénks iwwer dem Stärekoup mat engem siichtbare Rank. De Sher 25 ass am Endstadium vu sengem Stäreliewen a wäert an noer Zukunft als Supernova explodéieren, d. h. an e puer 1.000 Joer. De siichtbare Rank ëm de Sher 25 sinn d'Reschter vun der Supernova 1987A.

Remove ads

Entdeckung

Den Emissiounsniwwel NGC 3603 gouf de 14. Mäerz 1834 vum britteschen Astronom John Herschel entdeckt.
2007 gouf am Emissiounsniwwel NGC 3603 dee bis elo eenzege Stär entdeckt, deem seng Mass iwwer 100 Sonnemasse läit. Hie gouf vu kanadeschen Astronome mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop an um Europäesche Südobservatoire fonnt a kënnt op e Gewiicht vun 114 Sonnemassen.[1] Hie bilt mat engem 84 Sonnemasse schwéiere Stär en Duebelstäresystem (NGC 3603 A1). Fir eng weider Koppel vu Stären (WR 20a) goufe jee ronn 80 Sonnemasse berechent.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: NGC 3603 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads