NGC 40

planetareschen Niwwel From Wikipedia, the free encyclopedia

NGC 40
Remove ads

Den NGC 40 ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Cepheus. De Stär dee säi baussenzege Mantel ofgestouss huet, huet eng Temperatur vu 50000 Grad Celsius op an huet ongeféier d'Gréisst vun der Äerd. Dësen Zentralstär huet eng fir wäiss Zwergen typesch enorm héich Dicht an domat trotz dem klengen Duerchmiesser ronn 70 % Sonnemass. D'Gasen, déi ronderëm sinn, hunn eng Temperatur vun 10000 Grad Celsius. Den Alter vum NGC 40 gëtt op zirka 4.500 Joer geschat, woubäi sech seng Gaswolleken ëmmer nach mat ronn 29 km/s ausdehnen.

Méi Informatiounen Date vum NGC 40 ...
Remove ads

Entdeckung

De planetareschen Niwwel NGC 40 gouf de 25. November 1788 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: NGC 40 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads