NGC 604

From Wikipedia, the free encyclopedia

NGC 604
Remove ads

Den NGC 604 ass en H-II-Gebitt an der Galaxie Messier 33 am Stärebild Triangulum. Hien huet eng Wénkelgréisst vu ronn 1',9 × 1',2 a gouf den 11. September 1784 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Et ass eent vun de gréisste bekannte H-II-Gebidder.

op ee Bléck Stärebild, Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 ...

Den NGC 604 läit an engem Spiralarm vun der Galaxie M33, déi och als "Dräiecksniwwel" bekannt ass. Mat enger Distanz vun 2,8 Millioune Liichtjoer ass eis den M33 zimmlech no; si ass e Member vun der Lokaler Grupp, där och eis Mëllechstrooss ugehéiert. Den M33 huet nach weider H-II-Regiounen, wéi z. B. den NGC 595 an den NGC 592.

Den NGC 604 ass eent vun de gréisste Stäregenesisgebidder, déi Astronomen an eise direkten Noperschaftgalaxië fonnt hunn. D'Gebitt huet eng Gréisst vu ronn 1300 Liichtjoer an huet méi wéi 200 jonk a ganz waarm Stären (der héijer Temperatur entspriechend bloelzeg gefierft), déi eréischt an de leschten dräi Millioune Joer entstane sinn.[1] Spektralanalyse soen, datt d'Regioun ongeféier sou vill aktiv, masseräich Wolf-Rayet-Stäre wéi blo Stären huet. Ronn 50 dovun hu sech wärend enger eenzeger Phas vun enger grousser Stäregenesis viru ronn 4 Millioune Joer gebilt.[2]

Den interstellare Medium am NGC 604 huet komplex Blosestrukturen a Filamenter. No haitegem Wësse sinn déi Strukturen engersäits duerch de staarke Stärewand vun de jonken, waarme Stären, anerersäits duerch Supernova-Explosiounen entstanen.[3]

Thumb
Kompositioun vun e puer Fotoe mat der Kamera WFPC 2 vum Hubble Space Telescope
Thumb
NGC 604 Foto vun der Kamera WFPC 2 Hubble Space Telescope
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: NGC 604 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. S. Dodorico und M. Rosa: Wolf-Rayet stars in the giant H II region NGC 604. In: Astrophysical Journal, Bd. 248, 1981, S. 1015–1020.
  2. Hui Yang et al.: The Violent Interstellar Medium of NGC 604. In: Astronomical Journal Bd. 112, 1996, S. 146.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads