Nationalstrooss 28
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Nationalstrooss 28 oder N28 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Lëtzebuerg a Réimech. Si féiert vu Sandweiler op Bous an ass als Verbindung tëscht dësen Uertschaften eng Alternativstreck zur N2.
| Laf an Uschlëss | |
| Sandweiler | |
| Éiter | |
| Pläitreng | |
| Réid | |
| Aassel | |
| Bous | |
Remove ads
Laf
D'N28 huet hiren Ufank am Rond-point südëstlech vu Sandweiler, wou se vun der N2 fortgeet. Se geet laanscht de Prisong op Éiter, laanscht Pläitreng a praktesch parallel zur N2 bis op Bous, wou s'am Rond-point um Enn vum Contournement nees op der N2 erauskënnt.
D'N28 ass am Ganzen 11,4 km laang.
Entwécklung vun der N28
Bis 1958 war d'N28 déi Strooss, déi vun der Féitsch iwwer Allerbuer op d'belsch Grenz a Richtung Baaschtnech gefouert huet (déi haiteg N20). D'Streck Sandweiler - Éiter - Bous war deemools d'N30.
Zanter datt d'Contournemente vu Sandweiler a Bous op sinn, si se den Ufank resp. d'Enn vun der N28, och wann et am legalen Text nach net adaptéiert gouf. Et ass awer geplangt, déi entspriechend Upassungen ze maachen[1].
Remove ads
Biller
- Fréiere Bauerenhaff zu Éiter
- D'Éiter Strooss zu Bous
Um Spaweck
| Commons: Nationalstrooss 28 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiichtskaart vum nationale Stroossereseau op der Internetsäit vun der Bauverwaltung
Referenzen an Notten
- (fr) Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de 06.01.2021.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
