Rond-point
Stroossekräizung mat enger Mëttelinsel, ronderëm déi ee fuere muss From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Wuert Rond-point gëtt am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch gebraucht fir eng speziell Stroossenintersectioun an zwar d'Intersection à sens giratoire obligatoire, wéi se am Code de la Route definéiert ass.

A Frankräich gëtt dëst d'Wuert och gebraucht fir Plazen, déi an engem Krees ugeluecht sinn, ouni datt onbedéngt eng Fuerrichtung festgeluecht ass an ouni datt motoriséierte Verkéier driwwer leeft. Dës sinn awer zimmlech rar.
Zu Lëtzebuerg huet eng bekannt Plaz an hirem Numm Rond-Point stoen. Et ass de Rond-Point Robert Schuman um Lampertsbierg an der Stad. Dës Plaz ass awer keng Intersection à sens giratoire obligatoire.
Remove ads
Turbo-Rond-point

Eng méi rezent Entwécklung ass de sougenannten Turbo-Rond-point, dee staark Verkéiersstréim zwee- oder dräispuereg duerch de Rondel schleist.
Den Turbo-Rond-point gouf 1996 an Holland vum Lambertus Fortuijn, engem Fuerscher op der Delft University of Technology entwéckelt. E gëtt haaptsächlech an Holland, Frankräich oder der Belsch gebraucht. Zanter dem 9. November 2015 ass de Rond-point Serra um Kierchbierg och als Turbo-Rond-point a Betrib.
Den Automobilist muss sech schonn an déi richteg Spuer areien, ier an an de Rondel erafiert. Doduerch huet den Turbo-Rond-point eng grouss Leeschtungsfäegkeet. Am Rondel selwer kann een am Prinzip d'Fuerbunn net méi wiesselen.
En Turbo-Rond-point erlaabt et och net ëmmer, datt een de Rond-point benotzt fir d'Kéier ze maachen an dohin zeréckzefueren, vu wou een hierkoum.
Den Turbo-Rond-point gëtt et och mat Verkéiersluuchten an der Afaart an am Rondel selwer oder och mat By-Päss, déi fir déi éischt Ausfaart derlaanscht féieren.
Remove ads
Rond-pointen zu Lëtzebuerg
Remove ads
Aner Rond-pointe déi mat an de Stroosseverkéier agebonne sinn
Belsch |
Frankräich |
Schwäiz
|
Kuriositéiten
An England gëtt et e puer Rond-pointe, bei deenen de Verkéier riets ronderëm leeft amplaz lénks.[Quell?]
Um Spaweck
| Commons: Rond-pointen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
