Nationalstrooss 7C
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Nationalstrooss 7C oder d'N7C ass eng Nationalstrooss am Kanton Miersch um Territoire vun der Gemeng Colmer-Bierg.
| Laf an Uschlëss | |
| Rouscht / Brongeshaff | |
| Colmer | |
Se féiert vun der N7 um Rouscht, nërdlech vum Brongeshaff (géintiwwer vun der Goodyear-Testpist) bis bei d'N22 zu Colmer.
D'N7C ass ronn 1,187 km laang.
Remove ads
Entwécklung vun der N7C
- Déi fréier Gemengestrooss huet 1995 am Kader vun der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau[1] de Statut vun enger Nationalstrooss kritt. Am Gesetzestext steet d'Stroossennummer als „N7E“, sou datt se warscheinlech an der Zäit duerno ëmgenannt gouf.
- Virun 1995 war d'Traversée vun Houschent op der Héicht vum Waassertuerm als N7C klasséiert[1].
Um Spaweck
| Commons: Nationalstrooss 7C – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiichtskaart vum nationale Stroossereseau op der Internetsäit vun der Bauverwaltung
Referenzen an Notten
- Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de 24.01.2021.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads