Neobiota
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Neobiota (griich. "neos" = nei; "bios" = Liewen) bezeechent gebittsfriem Aarten, déi e geographesche Raum als Folleg vun direkter oder indirekter mënschlecher Matwierkung besidelen, dee si ouni mënschlechen Afloss net hätte kënnen erreechen. Neobiota, déi sech staark ausbreeden, ginn als invasiv Aarten ugesinn.
| Bezeechnung | Neophyten | Neozoen | Neomyceten |
| Beräich | Planzeräich Plantae | Déiereräich Animalia | Pilzeräich Fungi |
| Beispill | Risebiereklo Heracleum mantegazzianum Somm. & Lev. | Asiatescht Himmelsdéierchen Harmonia axyridis Pallas, 1773 | Tëntefëschpilz Clathrus archeri (Berk.) Dring |
| Bild |
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënnert dem Numm Neobiota ginn zënter dem Joer 2000 all zwee Joer international Konferenzen iwwer invasiv gebittsfriem Aarten organiséiert. Déi néngt Editioun, Neobiota 2016 - 9th International Conference on Biological Invasions, ass am September 2016 zu Veianen organiséiert ginn.[1]
Remove ads
Kuck och
Um Spaweck
- neobiota.lu - Portal vum Naturmusée iwwer invasiv gebittsfriem Aarten zu Lëtzebuerg
- neobiota.eu - Websäit vum Europäesche Konsortium iwwer invasiv gebittsfriem Aarten
| Commons: Neobiota – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
