Nicolas Pastoret
franséische Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Nicolas Pastoret, gebuer de 16. September 1739 zu Arel a gestuerwen den 30. Juni 1810 an der Stad Lëtzebuerg, war e Jurist a Politiker am Herzogtum Lëtzebuerg an dono der Franséischer Republik, resp. dem Franséische Keeserräich.
Hie war Deputéierten an der Legislativversammlung vum franséischen Departement Forêts vun 1804 bis 1810, an Éiereritter vum Keeserräich.
Remove ads
Liewen a Karriär
Den Nicolas Pastoret war de Jong vum Centenier an Händler Antoine Pastoret a senger Fra Thérèse de la Haye, déi vum Schlass Schëmpech hier war. 1750 goung hien op de Jesuittekolléisch an der Stad Lëtzebuerg, an am Oktober 1758 huet hie sech op der Droitsfakultéit vun der Universitéit Léiwen, wou hien den 13. Mäerz 1762 seng Lizenz krut. Den 21. Abrëll vum selwechte Joer huet hien sech op d'Lëscht vun de postulant-Affekote beim Provënzialrot vu Lëtzebuerg ageschriwwen[1]. Am Joer 1778 gouf hien ee vun den dräi Conseillers rapporteurs surnuméraires vun dëser Institutioun.
1780 huet de Keeser Jouseph II. hien zum President vun der zweeter Chamber vum Provënzialrot ernannt an him d'Missioun ginn, als juristeschen Assistent um Grousse Conseil vu Mechelen mat ze hëllefen, d'Organisatioun vun de Geriichter am Hellege Réimesche Räich z'iwwerschaffen.
1792 huet den neie Keeser Franz II. hien zum President vum neie Conseil d'appel zu Lëtzebuerg ernannt. Hie blouf dat bis d'Fransousen de 17. Prairial vum Joer III vun der Franséischer Republik (6. Juni 1795) Lëtzebuerg eruewert hunn.[2].
Ënner der neier franséischer Verwaltung huet dat neit Zivilgeriicht den Nicolas Pastoret zum President ernannt bis de 17. Juni 1800, wéi hien zum Riichter um Appelgeriicht vu Metz ernannt gouf, a President vum nei geschafene Strofgeriicht vum Departement Forêts. Den 20. September 1803 gouf hien Deputéierte vun dësem Departement am franséische Senat[1].
Nodeem hien um Enn vu sengem Mandat zréck op Lëtzebuerg koum, huet hien d'Presidence vum Strofgeriicht fir eng kuerz Zäit iwwerholl, ass dann awer den 30. Juni 1810 gestuerwen.
Den Nicolas Pastoret huet den 19. Dezember 1763 d'Hélène Mamer bestuet, mat där hien dräizéng Kanner hat.
Remove ads
Gielercher
- 1792: Garde et Trésorier des chartes du Conseil ënner dem Keeser Franz II.I[3]
- 1801: Vizepresident vun der Société Libre d'Agriculture des Arts et du Commerce vum Département des Forêts[3]
- 1807: Eieremember vum Conseil Général de l'Athénée de la langue française[4]
- 1809: Chevalier d'Empire[5]
Referenzen
- Auguste Neyen: Biographie luxembourgeoise Tome 2, p.33. Luxembourg: Pierre Bruck, 1861. - online: Nicolas Pastoret
- Robert Matagne:"Le président Nicolas Pastoret" . Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 5 p.21, Luxembourg: Victor Buck, 1953.
- Auguste Neyen p.35
- Robert Matagne S.63
- Archives Nationales de Paris, cote CC244, folio 120, patente du 5 août 1809, cité p.65 de la biographie de Nicolas Pastoret par Robert Matagne.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads