Norbert Hastert
lëtzebuergesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Norbert Hastert, gebuer de 27. Februar 1942 an der Stad, ass e lëtzebuergesche Moler. Haut lieft a moolt hien zu Diddeleng.
Säi Liewen
Den Norbert Hastert huet de Lycée bis Première besicht. Konscht huet hien zu Tréier studéiert. Hien ass Member vum Cercle artistique de Luxembourg a vum Institut Européen de l'Aquarelle.
Ausstellungen
Dem Norbert Hastert seng Biller waren zu Lëtzebuerg ënner anerem zu Esch-Uelzecht, Steesel, Beetebuerg, Munneref a Klierf ze gesinn. Seng Biller hunn och de Wee an d'Ausland fonnt, sou si se zu Metz, Bréissel, Gand, Vittel, Paräis, Den Haag an Dublin gewise ginn.
Literatur
- Cent ans d'art luxembourgeois (1893-1993) (Band 2, Säit 202 an 203) (CAL)

Kuckt och
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads