Beetebuerg

Haaptuertschaft vun der Gemeng Beetebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Beetebuerg
Remove ads

Beetebuerg ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Süde vum Land, um rietsen Uwänner vun der Uelzecht, an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

op ee Bléck An anere Sproochen, Land ...
Thumb
Déi fréier Molkerei vu Beetebuerg (2008)
Remove ads

Geographie

Beetebuerg läit am Uelzechtdall do wou d'Diddelengerbaach an d'Uelzecht leeft.

D'Nopeschuertschafte vu Beetebuerg sinn:

Verkéier

Eisebunn

D'Gare vu Beetebuerg gehéiert zur CFL-Linn 6 a läit op der internationaler Streck Lëtzebuerg-Dijon.

D'Rangéiergare mat 28 Sënnergleiser gouf an den 1980er Jore gebaut a krut ee Container-Terminal derbäi. Doduerch ass Beetebuerg zu engem wichtege Glidd am internationale Wuerentransport op der Nord-Süd-Achs ginn.

Stroossen an Autobunnen

Beetebuerg hänkt um Stroossennetz iwwer d'Dräikantonstrooss an d'N31 an och iwwer den CR132 an den CR163.

Laanscht Beetebuerg mat dräi Uschlëss ginn d'Autobunn A13, an d'Autobunn A3.

Zu der Beetebuerger Mobilitéit gehéieren d'RGTR-Linnen 194, 200, 304, 305 an 307 an de Flexibus vun der Gemeng Beetebuerg deen ee gratis an der Gemeng Beetebuerg benotze kann.

Thumb
Bettemburch ëm 1600, gemoolt vum Jean Bertels aus der Abtei Iechternach.
Remove ads

Geschicht

Thumb
D'Beetebuerger Schlass
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

...

Zanter dem spéide 16. Joerhonnert hat d'Famill de Zievel aus der Äifel grouss Lännereien zu Beetebuerg. An de 1730er Joren huet se d'Beetebuerger Schlass, spéiderhin Clollarts Schlass genannt, baue gelooss.

...

An der Phas vun de Virbereedunge vum Debarquement hunn den 11. Mee 1944 35 amerikanesch B17-Fligeren um 19h38 d'Stellwierk an d'Gleisanlage vun der Beetebuerger Gare bombardéiert, mam Zil, den däitsche Raviltaillement fir d'Westfront ofzeschneiden. Déi meescht Bomme sinn awer derlaanscht gefall, et gouf 27 Doudeger ze bekloen, 40 Haiser goufen zerstéiert an 183 beschiedegt.[1]

Remove ads

Kuckeswäertes

Thumb
De Parc Merveilleux.

Natur an Ëmwelt

Kino zu Beetebuerg

Radio zu Beetebuerg

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Ce jour où les bombes sont tombées sur Bettembourg." eise:buet N° 124 01.2024, S.18-19 (nogekuckt 13.03.2024).
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads