Heesprénger
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Heesprénger, am breede Sënn vum Wuert, sinn d'Uerdnung Orthoptera an der Klass vun den Insekten (Insecta).
Bekannt Vertrieder vun den Orthoptere sinn déi eigentlech Heesprénger, wéi z. B. dat Gréngt Heepäerdchen, an d'Grillen (dorënner d'Heemelmaus).
Wëssenschaftlech ginn d'Orthopteren an zwou Gruppen (Ënneruerdnungen) agedeelt: d'Ensifera an d'Caelifera.
D'Wuert Heesprénger ass vun deenen Aarten ofgeleet, déi een an de Summerméint am héije Gras, also zu där Zäit wou Hee gemaach gëtt, sprange gesäit. Dës Aarte falen duerch hire laanggestreckte Kierper an dat heefegt Sprangen op.
Aner Vertrieder vun den Orthoptera, wéi z. B. d'Grillen, hunn e gedrängte Kierper an eng verstoppt Liewensweis.
Remove ads
Kennzeeche vun den Heesprénger (Orthoptera)
- Insekte mat 2 Puer Flilleken, déi am Rouzoustand dem laange Wee no iwwer dem Abdomen leien.
- Déi zwéi viischt Flilleke si méi schmuel wéi déi hënnescht; si sinn un der Basis verhäert a bedecken déi hënnescht Flilleken am Rouzoustand.
- Déi zwéin hënnescht Flilleke si membranaarteg, am Rouzoustand si se gefaalt a gi vun de viischte Flilleke bedeckt.
- Déi zwee hënnescht Been hu sech als staark Sprangbeen entwéckelt.
- Antennen opfälleg laang (Ensifera) oder einfach laang (Caelifera).
- Grouss zesummegesat Aen (Facettenaen).
- Onkomplett Metamorphos: D'Larven ënnerscheede sech kaum am Kierperbau vun den Adulten (Imagines)
Remove ads
Heesprénger zu Lëtzebuerg
Enger rezenter Studie no konnte bis haut 49 Heespréngeraarten zu Lëtzebuerg nogewise ginn, wouvun awer 3 Aarten als ausgestuerwe gëllen (Proess 2004).
Literatur
- Proess, R., 2004. Verbreitungsatlas der Heuschrecken des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia. Trav. sc. Musée nat. hist. nat. Luxembourg 39, 178 S. Dës Aarbecht als PDF-Datei eroflueden
- Hoffmann, J., 1960. Les Orthoptères du Luxembourg. Archvs Inst. gr.-d. Luxemb. sect. sc. nat. phys. math. 26 (1960): 239-284.
- Hoffmann, J., 1962. Les Orthoptères du Luxembourg. 2e fasc.: les Caelifères. Archvs Inst. gr.-d. Luxemb. sect. sc. nat., phys. math. 28 (1962): 184-231.
- Kinn, J. & M. Meyer, 1988. Beitrag zur Kenntnis der Saltatoria Luxemburgs. Ergebnisse einer zweijährigen Untersuchung. Paiperlék, Jahrg. 10, Nr. 2: 31-73.
- Reichling, L. & J. Hoffmann, 1963. Supplément à la faune des Orthoptères du Grand-Duché de Luxembourg. Archvs Inst. gr.-d. Luxemb. sect. sc. nat. phys. math. 29 (1963): 129-157.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Orthoptera – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

