Heemelmaus
Insekt aus der Famill vun de Grillen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Heemelmaus oder Heemerchen an Heemeldéier (Acheta domesticus L., op Däitsch Heimchen oder Hausgrille an op Franséisch grillon domestique) ass en Insekt aus der Iwwerfamill vun de Grillen, dat ursprénglech nëmmen an Nordafrika an dem Mëttleren Osten verbreet war. A Mëtteleuropa gouf d'Aart, warscheinlech schonn zur Réimerzäit, ongewollt vum Mënsch ageschleeft. Haut ass d'Heemelmaus iwwer ganz Europa, an doriwwer eraus, verbreet.
Well d'Heemelmaus vill Wäermt brauch, ka si an eise Géigenden nëmmen a Wunnengen an, dobaussen, op waarme Plazen, wéi z. B. Dreckstippen oder Kompostkéip, iwwerliewen a sech fortplanzen. Fréier koum et a Bäckereie wéinst dem Miel an der Hëtzt vum Bakuewen net seelen zu enger massiver Vermehrung.
Acheta domesticus L. ass en Insekt aus der Uerdnung vun den Orthoptera (Heesprénger am wäite Sënn vum Wuert), aus der Ënneruerdnung Ensifera, der Iwwerfamill vun de Grillen (Grylloidea) an der Famill vun de Gryllidae.
An der Iechternacher Géigend spillt d'Heemelmaus eng Roll am Folklor (cf. Heemelmaus-Lidd).
An der Terraristik ass d'Heemelmaus e beléift liewegt Fudderdéier fir Reptilien (Echsen, Geckoen, asw).
Remove ads
Ernierung
D'Heemelmaus frësst virun allem planzlecht Material (Kären, Kaschtreschter, Brout...), awer och doudeg a lieweg Insekten, dorënner net rar seng eegen Aartgenossen (Kannibalismus).
Zirpen
Wéi bei alle Grille lackelen d'Männercher d'Weibercher duerch hiert Zirpen un. Dobäi reiwe si de Bord vun hire viischte Flilleke laanschteneen. D'Zirpe vun der Heemelmaus erënnert un de Ruff vun de Jippelcher. De Gesank vun e puer a méi Männercher an engem Haus gëtt als nervenopreiwend beschriwwen.
Verbreedung zu Lëtzebuerg
Nach 1960 gëtt d'Heemelmaus als heefeg an ale Wunnengen - wou et vill Splécken an änlech Stoppe gëtt - an och op den Dreckstippen, déi et deemools nach gi sinn, vun de groussen Uertschafte gemellt (z. B. zu Lëtzebuerg, Iechternach, Esch-Uelzecht, Ettelbréck...). (Hoffmann 1960).
Méi rezent gouf d'Aart nëmme méi op zwéi Kompostkéip bei Rouspert a Réimech fonnt. Well awer bei dësen Ënnersich sou Plaze net geziilt kontrolléiert goufen, ass unzehuelen datt d'Heemelmaus méi verbreet ass wéi dës Etüd et ausweist. (Proess 2004).
Literatur
- Hoffmann, J. A., 1960. Les Orthoptères du Grand-Duché de Luxembourg. Archvs Institut gr.-d., sect. sc. nat. phys. math. 26 (1960): 239-284.
- Proess, R., 2004. Verbreitungsatlas der Heuschrecken des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 39: 178 S. PDF-Datei eroflueden
Kuckt och
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

