Parti socialiste (Belsch)

politesch Partei an der Belsch From Wikipedia, the free encyclopedia

Parti socialiste (Belsch)
Remove ads

De Parti socialiste (kuerz: PS) ass eng belsch frankophon sozialdemokratesch politesch Partei. Si ass d'Partei mat den zweetmeeschte Sëtz an der belscher Chamber an déi gréisst franséischsproocheg Partei. (2016)

Méi Informatiounen Logo, Parteizentral ...

1885 ass de Parti ouvrier belge gegrënnt ginn, dee sech 1945 Parti socialiste belge / Belgische Socialistische Partij genannt huet. Dëst war eng unitär Partei, dat heescht si huet sech souwuel un d'hollänneschsproocheg wéi och un d'frankophon Belsch adresséiert. 1978 huet si sech dunn awer an e frankophone Flillek (de PS), an e flammännesche Flillek (Socialistische Partij Anders) gespléckt.

Vun 1988 bis 2014 ware si ouni Paus a Koalitiounen un der federaler Regierung vun der Belsch bedeeledgt. Leschte belsche Premierminister vum PS war den Elio di Rupo (2011-14).

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Parti socialiste – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. De Redactie (online): Parti socialiste: la désertion des militants (20. Abrëll 2016)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads