Perpignan

Franséisch Stad an de Pyrénées-Orientales From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Perpignan (katalounesch Perpinyà) ass d'Haaptstad vum südfranséischen Departement Pyrénées-Orientales an der Regioun Occitanie. Se huet 117.000 Awunner (2004).

D'Stad läit am Golfe du Lion, engem Deel vum Mëttelmier, un der franséischer Autobunn A9 (E15), ronn 70 km südlech vun Narbonne an 30 km nërdlech vun der spuenescher Grenz. Nordëstlech vun der Stad läit de Fluchafen Aeroport Perpignan-Rivesaltes, deen all Joer vu 700.000 Passagéier benotzt gëtt.

Perpignan huet och eng Universitéit an ass gekennzeechent duerch vill historesch Gebaier, besonnesch am gotesche Stil gebaut. Perpignan ass och e kommerziellen Zenter, bekannt fir den Handel mat Wäin a landwirtschaftleche Produkter.

2008 krut Perpignan de Label « Ville Internet @@@@@ ».

Remove ads

Biller

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Perpignan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads