Premier Empire

From Wikipedia, the free encyclopedia

Premier Empire
Remove ads

De Premier Empire (Éischt Keeserräich) war de Regimm dee vum Napoleon Bonaparte a Frankräich agefouert gouf, fir de Consulat z'ersetzen. D'Keeserräich huet vum 18. Mee 1804[1] bis zum Abrëll 1814[2] gedauert. Nom Napoléon gouf d'Bourbonendynastie nees restauréiert, a gouf nëmmen duerch déi kuerz Episod vun de Cents-Jours vum 20. Mäerz bis 22. Juni 1815 ënnerbrach.

Thumb
Dominique Ingres, Napoléon sur son trône impérial.

De Referendum vum 6. November 1804 huet de Passage zum Premier Empire legitiméiert. Den Napoleon Bonaparte huet sech den 2. Dezember 1804 an der Kathedral Notre-Dame zum Keeser ënner dem Titel Napoléon I. gekréint.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Premier Empire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Datum vum Senatus Consultum deen aus dem Napoléon den « empereur de tous les Français » gemaach huet.
  2. Ofdankung vum Napoléon an Exil op der Insel Elba
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads