Republican Party (USA)
politesch Partei an den USA From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Republikanesch Partei (en.: Republican Party) ass nieft der Demokratescher Partei eng vun den zwou grousse politesche Parteien an den USA. Si ass déi méi konservativ a gëtt och nach Grand Old Party (kuerz: GOP) genannt.

Si gouf 1854 mam Zil gegrënnt, d'Sklaverei ofzeschafen. D'Republikaner hunn d'national Politik an d'Politik am gréissten Deel vun den nërdlechen USA an der Period tëscht 1860 an 1932 dominéiert. Bis haut(Stand: 2025) goufen et 19 republikanesch US-Presidenten. Deen éischte war den Abraham Lincoln, de vun 1861 bis zu senger Ermordung 1865 am Amt war an dee rezentste ass de President Donald Trump zanter 2025.
Ideologesch gehéiert d'Partei zum konservative Spektrum an ënnerscheet sech domat vum Liberalismus vun der Demokratescher Partei. D'Republikanesch Partei ënnerstëtzt fräi Maartwirtschaft, eng begrenzt Regierung, eng staark national Verdeedegung an eng konservativ Sozialpolitik, an ass géint Reguléierungen a Gewerkschaften. Wat d'Immigratioun betrëfft, sinn d'Meenungen an der Partei gedeelt.
Dat traditionellt Maskottche vun der Partei ass en Elefant.
Remove ads
Republikanesch Presidente vun den USA
- Abraham Lincoln (1861–1865)
- Ulysses S. Grant (1869–1877)
- Rutherford B. Hayes (1877–1881)
- James A. Garfield (1881)
- Chester A. Arthur (1881–1885)
- Benjamin Harrison (1889–1893)
- William McKinley (1897–1901)
- Theodore Roosevelt (1901–1909)
- William Howard Taft (1909–1913)
- Warren G. Harding (1921–1923)
- Calvin Coolidge (1923–1929)
- Herbert Hoover (1929–1933)
- Dwight D. Eisenhower (1953–1961)
- Richard Nixon (1969–1974)
- Gerald Ford (1974–1977)
- Ronald Reagan (1981–1989)
- George H. W. Bush (1989–1993)
- George W. Bush (2001–2009)
- Donald Trump (2017–2021); (2025–)
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Republican Party – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
