Rhode Island

Bundesstaat vun den USA From Wikipedia, the free encyclopedia

Rhode Island
Remove ads

Rhode Island ass e Bundesstaat am Nordoste vun den USA.

Rhode Island
Thumb Thumb
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: The Ocean State; Little Rhody
Thumb
Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad:Providence
Gréisst Stad:Providence
Gouverneur:Daniel McKee
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 50. Plaz
4.001[1] km²
13,9 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 43. Plaz
1.097.379 (2020)[2]
409,81/km²
Opgeholl als Memberstaat: 29. Mee 1790 (13ten)
Zäitzon:UTC-5/-4

Bis November 2020 war den offiziellen Numm nach „State of Rhode Island and Providence Plantations, wat awer no der Wal vun 2020 gekierzt gouf no nationale Protester géint Rassismus.[3]

Remove ads

Geographie

Rhode Island ass dee klengsten US-amerikanesche Staat, mä mat 3.140 km2 trotzdeem nach ëmmer méi grouss wéi Lëtzebuerg. En ass 60 km breet a 77 km laang. E läit an Nei-England a grenzt am Norden an am Osten un de Massachusetts, am Westen un de Connecticut an am Süden un den Atlanteschen Ozean. Donieft huet en nach eng Séigrenz mam Staat New York.

Dem Staat säin héchsten natierleche Punkt ass den Jerimoth Hill op 247 m. Generell ass Rhode Island éischter flaach.

Remove ads

Bevëlkerung

2015 gouf geschat, datt ronn eng Millioun Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 84,8 % als wäiss Amerikaner, 14,4 % als Hispanic/Latino, 7,9 % als Afroamerikaner, 3,6 % als asiatesch an 1 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi enger Kategorie konnt uginn[2].

Ekonomie

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 56.423 US-Dollar pro Stot an 30.765 USD op de Kapp[2].

Biller

Um Spaweck

 Commons: Rhode Island – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads