Robert Emeringer
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Robert Emeringer, gebuer de 14. Juli 1949 zu Déifferdeng, ass e Lëtzebuerger Glaskënschtler.
Beim däitsche Glasmécher Paul Rohleder fänkt de Robert Emeringer un, sech an d'Glas eranzeschaffen. Tëscht 1964 an 1970 studéiert hie Glastechniken, wéi Schneiden, Schläifen, Poléieren, Bläiverglasungen, mat Saier schaffen a Sandstralen.
1970 plënnert de Robert Emeringer op Grubbenvorst an Holland. Do schafft hie bei verschiddene Glasmécher. E puer Reesen an Asien erlaben him, sech an déi indesch an tibetanesch Glaskonscht eranzeknéien. Hie lieft ee Joer an Indien.
Vun 1980 bis 1986 léiert den Emeringer beim Glasmécher-Meeschter Gustave Zanter Glasmolerei, Glasmosaik, Glasgravur an d'Forme vum Glas duerch Glasschmelzen (Thermoformage-Fusing)
Natierlech gehéiert d'Restauratioun vu Kierchefënsteren och zu der Aarbecht vun engem Glaskonschtatelier.
De Robert Emeringer huet zu Aasselbuer säin Atelier zesumme mat der lettescher Kënschtlerin Zaiga Baiža.
Remove ads
Wierker
- Fënsteren (2001) an der Kapell vun Ierpeldeng bei Wolz
Restauratioune vu Kierchefënsteren zu Lëtzebuerg
- Kierch Angelsbierg - Kierch Aasselbuer - Kierch Baschelt, verschiddener zesumme mat der Kënschtlerin Zaiga Baiža.
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads