Asien

Kontinent From Wikipedia, the free encyclopedia

Asien
Remove ads

Asien ass den ëstlechen Deel vum Duebelkontinent Eurasien. Et ass dee gréissten a bevëlkerungsräichste Kontinent vun der Äerd a läit op der ëstlecher Hemisphär. Asie bedeckt eng Fläch vu 44.614.500 km² (33,06 % vun der Fläch vun der Welt).

Séier Fakten Geographie, Geographesch Lag ...

Seng Bevëlkerung huet sech am 20. Joerhonnert bal vervéierfacht a gëtt op 4.977.954.915 (2025)[1] geschat. Iwwer d'Hallschent vun de Mënsche liewen um asiatesche Kontinent, mä a ganz ënnerschiddlecher Verdeelung. China an Indien zielen zu de bevëlkerungsräichste Staaten op der Äerd.

Remove ads

Geographie

Asien ass am Norde vum Arkteschen Ozean, am Oste vum Pazifeschen Ozean an am Süde vum Indeschen Ozean agegrenzt.

Am Weste gëtt et keng kloer geographesch oder geologesch Grenz mat Europa. Déi heefegst Definitioun fir d'Grenz ass (vun Norden no Süden): den Ural, den Ural-Floss, d'Kaspescht Mier, de Kaukasus bzw. de Manytschbaseng, d'Südküst vum Schwaarze Mier, grad ewéi de Bosporus, d'Marmaramier an d'Dardanellen. Vum Karamier bis op d'Schwaarzt Mier ass dës Grenz ongeféier 2.700 km laang.

Nërdlech vum Roude Mier ass Asien iwwer d'Sinai-Hallefinsel an den 120 Kilometer breede Suez-Isthmus mat Afrika verbonnen.

Am Nordoste leien d'Festlandmassen vun Asien an Nordamerika op der Beringstrooss just eppes méi wéi 80 km vuneneen ewech. De Malayseschen Archipel am Südoste verbënnt den asiatesche Kontinent mat Australien. De südlechste Punkt ass déi indoneesesch Insel Pamana.

Remove ads

Geschicht

Eng Rei Kulturen hunn hir Originnen an Asien, absënns a China, Japan, Indien, am Iran, a Babylonien an an Assyrien am Noen Osten. All d'Weltreliounen hunn hiren Urspronk an Asien.

Asien an Europa verbënnt eng laang Traditioun, sief et duerch Kricher (Alexander de Groussen, d'Perserkricher, d'Kräizzich, d'Invasioune vun den Hunnen an den Tierken, …), Entdeckungsreesen (z. B. Sven Hedin), awer och duerch wichteg Handelsverbindungen, wéi der Seidestrooss.

Asien hat vu jeehier ëmmer grouss Räicher an ass net sou fragmentéiert wéi Europa. Déi chineesesch Kultur huet hir Spueren an der Welt hannerlooss, besonnesch awer an Ostasien (Pabeier, Dréckerei, Kompass, Seid, Parzeläin a villes méi). De Buddhismus huet sech vun Indien aus verbreet. Nordasien (besonnesch Sibirien) war eng laang Zäit praktesch net bewunnt an eréischt wéi d'russescht Räich sech weider ausgedeent huet goufen do méi grouss Stied gegrënnt. Zentralasie war traditionell d'Heemecht vu Steppevëlker (z. B. d'Mongolen), déi fréier eng Bedroung fir Europa duergestallt hunn. Westasie gëtt zënter dem 7. Joerhonnert vum Islam dominéiert an hat e staarken Afloss op Nordafrika.

Remove ads

Bevëlkerung a Sproochen

An Asie ginn Honnerte Sprooche geschwat. Zu de wichtege Sproochefamilljen a Sproochegruppen gehéieren absënns:

  • Slawesch Sproochen
  • Kaukasesch Sproochen
  • Semitesch Sproochen
  • Iranesch Sproochen
  • Oghuzesch Sproochen
  • Kipchakesch Sproochen
  • Uiguresch Sproochen
  • Sibiresch-Türkesch Sproochen
  • Sinitesch Sproochen
  • Indo-Aresch Sproochen
  • Dravidesch Sproochen
  • Tibeto-Birmanesch Sproochen
  • Tai-Kadai Sproochen
  • Austroasiatesch Sproochen
  • Koreanesch
  • Japanesch-Ryukyu Sproochen
  • Malayo-Polyneesesch Sproochen

Politik

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Wirtschaft

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Opdeelung

Geographesch Opdeelung

Et gëtt verschidden Approchë fir eng regional Opdeelung vun Asien. Déi Andeelung hei drënner gëtt ë. a. vun de Vereenten Natiounen (VN) fir statistesch Zwecker benotzt, ouni politesch oder aner Zougehéieregkeeten ze berécksiichtegen.

De VN no ass Asien a sechs Regiounen opgedeelt[2]:

  • Nordasien
  • Zentralasien
  • Westasien
  • Südasien
  • Ostasien
  • Südostasien

Länner

Zum asiatesche Kontinent gehéieren:

  • 49 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
  • 1 net-Member (Palestina) deen awer de Statut vun engem Observateur vun de VN (United Nations General Assembly observer) huet,
  • 1 Land (Taiwan), deem seng Eegenschaft als Staat ëmstridden ass.
Méi Informatiounen Nr, Staat oder Territoire ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Asien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (en) Asia Population 2025. Gekuckt de 5. August 2025.
  2. UNSD — Methodology. unstats.un.org (Op der lénker Säit: "Geographic Regions" uklicken). Gekuckt de 05.08.2025.
  3. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  4. (en) World Population Prospects. population.un.org. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads