Romain Schneider

lëtzebuergeschen Politiker a Sportler From Wikipedia, the free encyclopedia

Romain Schneider
Remove ads

De Romain Schneider, gebuer de 15. Abrëll 1962 zu Wolz, ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker a fréiere Foussballspiller. Hie war vum 5. Dezember 2018 bis de 5. Januar 2022 Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, a Minister fir Sozialversécherung an der Regierung Bettel-Schneider-Braz / Bettel-Kersch-Bausch.

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Politesch Karriär

De Romain Schneider war vum 1. Januar 1994 bis Juli 2009 am Gemengerot vu Wolz an do vum 1. Januar 2000 u Buergermeeschter.

2004 gouf hien eng éischt Kéier am Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt a bis ewell, zulescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[1], allkéiers erëmgewielt.

2009 huet hien op säi Buergermeeschtesch- a säin Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Juncker-Asselborn II, Landwirtschafts- a Sportminister, an Delegéierte Minister fir Solidarentwécklung ze ginn. 2013 gouf en zum Minister fir Sport, humanitär Hëllef a Sozialversécherung an der Regierung Bettel-Schneider ernannt.

An der Regierung Bettel-Schneider-Braz war hie vum 5. Dezember 2018 bis de 5. Januar 2022 Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, a Minister fir Sozialverécherung. Den 29. November 2021 hat hie matgedeelt säi Ministeschmandat am Januar 2022 opzeginn a sech ganz aus der politescher Landschaft zeréckzezéien, fir no senger Gesondheet ze kucken[2].

Remove ads

Sportlech Karriär

De Romain Schneider war Foussballspiller an huet fir den FC Wolz 71 an der Nationaldivisioun gespillt. Hie war och Spiller a Spillertrainer beim FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps. Spéider war hie jorelaang President vum FC Wolz 71.

Um Spaweck

 Commons: Romain Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads