Rond-point Serra

Rond-point um Kierchbierg From Wikipedia, the free encyclopedia

Rond-point Serra
Remove ads

Rond-point Serra ass de gebräichlechen Numm vun engem Rond-point um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg, an eng vun den Haaptentréeën an d'Stad.

Séier Fakten Situatioun, Land ...
Thumb
De Rond-point vun der Avenue Kennedy aus
Thumb
Stroosseschëld vum "Turbo-Rond-pont", vun der Av. Kennedy aus

Et ass e Kreesverkéier op der N51 tëscht der Op- an Offaart vun den Autobunnen A1 an A7 (Verdeeler Kierchbierg an Uschloss Gréngewald) an dem Wupp vun der Avenue John F. Kennedy, der Haapt-Stroossenachs um Kierchbierg. Ausserdeem kënnt ee vun do an de Circuit de la Foire Internationale an an de Boulevard Pierre-Werner.

Den Numm kënnt vun der monumentaler stole Skulptur Exchange vum US-amerikanesche Kënschtler Richard Serra hier, déi a senger Mëtt steet. Offiziell huet de Rond-point (nach?) keen Numm.

Fir de Verkéier méi flësseg ze kréien, gëtt et op där Plaz zousätzlech zum Rond-point Ënnerféierungen a By-päss[1]. 2015-2017 gouf de Rond-point Serra an en (dräispueregen) "Turbo-Rond-point" ëmgebaut.[2]

Remove ads

Biller

Literatur

  • Diane Lecorsais, „In geordneten Bahnen - Der Serra-Kreisverkehr in Kirchberg funktioniert seit drei Jahren im Turbo-Modus“ am Wort vum 9. November 2018, Säit 23

Um Spaweck

 Commons: Rond-point Serra – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Transformation du rond-point Serra en turbo rond-point." op fondskirchberg.lu, gekuckt 30.10.2015.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads