Rout Wullmaus

From Wikipedia, the free encyclopedia

Rout Wullmaus
Remove ads

D'rout Wullmaus (Myodes glareolus oder Clethrionomys glareolus) ass e Knabberdéier aus der Famill vun de Wullmais. Et ass déi eenzeg Aart vun der Gattung vun de roude Wullmais (Myodes) déi a West- and Zentraleuropa virkënnt. Aner Aarte kommen nach an Nordeuropa vir.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rouder Wullmaus (Myodes glareolus). Fir d'Zeitung mat deem Numm, kuckt wgl. D'Ro'd Wullmaus.
Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Remove ads

Ausgesinn

En erwuessent Déier ass 8,5 bis 11 cm laang an tëscht 14 a 40 g schwéier. De Schwanz ass 36 bis 72 mm laang. Op Insele ginn d'Déiere mei grouss wei um Festland. De Réck ass roudelzeg-brong, d'Säite si groelzeg mat engem roudelzege Schäin, an de Bauch ass giel bis knaschteg-wäiss. De Kapp ass kuerz a stomp mat Oueren, déi mei grouss sinn wei déi vun anere Wullmais.

Behuelen

Rout Wullmais hunn e planzleche Kascht, deen aus Somkären, Friichten, Blieder, Kraider a Bamschuel besteet. Dobäi komme geleeëntlech Pilzen, Mooser, Wuerzelen, Gras an och Insekten, Wierm a Schleeken. An nërdleche Géigenden leeën d'Déiere Reserven u fir de Wanter.

D'Déiere sinn souwuel am Dag wei och nuets aktiv, am Summer meeschtens nuets.

D'rout Wullmais maachen e bullefërmegt Nascht aus Blieder, Moos, Gras, a Fiederen, dat tëscht 2 an 10 cm ënner dem Buedem ass, dacks ënner Wuerzelen oder ëmgefalene Beem. Et kann och an engem huele Bam sinn.

Thumb
Rout Wullmaus virun hirem Bau

Rout Wullmais reproduzéiere sech tëscht Abrëll an September-Oktober. Den Nowuess kënnt 16-18 Deeg no der Befruchtung op d'Welt. Op eng Kéier komme 3 bis 5 Jonker op d'Welt; d'Weibche kann am Joer véier bis fënnefmol jéngeren. Eng neigebuere Maus weit 2 Gramm. Nëmmen d'Mamm këmmert sech ëm den Nowuess. Déi Kleng gi 14 Deeg geniert. No 4 an enger hallwer Woch ass e Weibche geschlechtsräif.

Eng rout Wullmaus ka bis zu 18 Méint an der Natur al ginn, an der Gefaangenschaft bis zu 4 Joer. Zu hire Friessfeinden ziele virun allem d'Eilen, d'Wiselen an dFiiss.

Remove ads

Kuckt och

  • D'Ro'd Wullmaus, eng lëtzebuergesch Studentenzeitung vun uganks vun den 1970er Joren.

Um Spaweck

 Commons: Myodes glareolus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads