Sacha Pulli

lëtzebuergeschen Handballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Sacha Pulli, gebuer den 21. November 1990 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Historiker an Enseignant, souwéi en Handballspiller[1].

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...

De Sacha Pulli huet op der Universitéit Lëtzebuerg Geschicht studéiert an dëse Studium 2017 am Fach Europäesch Zäitgeschicht mat enger Masteraarbecht iwwer de Projet vun enger Atomzentral zu Remerschen ofgeschloss[2]

Remove ads

Sport

De Pulli huet seng Spillerkarriär 2006 ugefaangen. Hien huet a senger Karriär fir den HB Esch gespillt. Hien ass mam Handball Esch siwemol Champion ginn an huet sechsmol d'Coupe de Luxembourg gewonnen. Hie war am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp (Stand: 2015)[1].

Politik

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war de Sacha Pulli Kandidat op der Lëscht vun der LSAP am Süden. Hien ass awer net an d'Chamber gewielt ginn[3].

Bei de Gemengerotswalen am Juni 2023 gouf hien an den Escher Gemengerot gewielt.

Den 13. Juli 2024 ass de Sacha Pulli zum Generalsekretär vun der LSAP gewielt ginn[4].

Wierker

  • Das gescheiterte Jahrhundertprojekt: Die Geschichte der Atomzentrale in Remerschen von 1973-1979. Fondation Lydie Schmit, 2020.

Literatur

Kuckt och

Referenzen

  1. Forschungsberichte. Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 70 (2018), Heft 4.
  2. Patrick Besch, Promis im Wahlkampf op wort.lu de 17. Oktober 2018 an an der Drockversioun vum Wort vum 18. Oktober 2018, Säit 2, ënner dem Titel „Mäßiger Erfolg“
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads