Sentier des passeurs
thematesche Wanderwee an de Gemengen Ëlwen a Wëntger From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Sentier des passeurs ass den Numm vun engem thematesche Wanderwee an de Gemengen Ëlwen a Wëntger. Am Mëttelpunkt vum Wee stinn d'Fluchtversich vu lëtzebuergesche Resistenzler, Zwangsrekrutéierten an alliéierten Aviateuren eriwwer an d'Belsch, mat Hëllef vu Passeuren, wärend de leschte Jore vum Zweete Weltkrich.
De Pad gouf de 15. Juli 2006 offiziell zu Ëlwen ageweit[1].
De Wee, deen a grousse Linnen iwwer déi original Fluchtstreck vu fréier geet, féiert duerch d'Uertschaften Ëlwen, Biwesch, Aasselbuer a Saassel an ass am Ganzen 22,85 km laang. E besteet aus engem südleche Circuit „Resistenzuertschaft Saassel“ vun 10 km an engem nërdlechen „Grenz“ vun 12,85 km.
Remove ads
Déi aacht Statiounen um Pad
- Saassel op der Knupp
- Uewe bei der Pafemillen (Hanenhaff)
- Iwwergank iwwer d'Bunn
- Ëlwen Um Tipp
- Am Knierchen
- Bei de Weieren
- Iwwergank Nonnebësch
- Maison Rouge
De Projet "Sentier des passeurs" gouf 2006 vu follgender Partnerschaft realiséiert:
- Centre national de l'audiovisuel
- Gemeng Ëlwen
- Inneministère
- Islek ohne Grenzen EWIV
- Leader- Grupp Klierf-Veianen
- Naturpark Our (Coordinateur vum Projet)
E Kuerzfilm, an dem Zäitzeien zu Wuert kommen, ass am Kader vum Projet produzéiert ginn.
Remove ads
Literatur
- A. R. (Aloyse Raths), 2006. Inauguratioun vum "Sentier des Passeurs". Rappel 3/2006: 345-352.
Kuckt och
- La traversée des pays et des âges, e 47 km laange belsch-lëtzebuergesche Wanderwee an den Ardennen
- Lëscht vun den thematesche Wanderweeër zu Lëtzebuerg
- Borne du Passeur
Um Spaweck
| Commons: Sentier des passeurs – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Aloyse Raths 2006.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
