Sleepwalk

lëtzebuergesch Rockgrupp From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Sleepwalk war eng lëtzebuergesch Rockgrupp, déi tëscht 1993 an 1998 existéiert huet. Hiert bekanntst Stéck ass d'Lidd Firwat?.

Méi Informatiounen Memberen ...
Remove ads

Bandgeschicht

Sleepwalk gouf am Mäerz 1993 vum Mich Mangen (Gesank, Batterie a Gittar) a vum Claude Melchior (Batterie) am Norde vum Land gegrënnt. No verschiddene Concerten ass 1994 de Lex Besenius als Gittarist derbäikomm. Am selwechte Joer hu si de Sänger Larry Bonifas kennegeléiert, deen d'Joer drop feste Member vu Sleepwalk ginn ass an de Gesank vum Mich Mangen iwwerholl huet.

1996 war Sleepwalk Gewënner vum Talentconcours vun der Fête de la musique. Als Gewënn gouf et ee Präisgeld an en Optrëtt als Opener fir déi däitsch Band Cultured Pearls op der Fête de la Musique zu Diddeleng.

Am Mäerz 1997 hu si d'EP ?! erausbruecht. D'Lidd Firwat? hat méintelaang grousse Succès bei den nationale Radiostatiounen. Den 22. Juni 1997 ass Sleepwalk zesumme mat T42 als Virband vum Michael Jackson bei engem vun de gréisste Concerten zu Lëtzebuerg viru 40.000 Zuschauer opgetrueden.[1] Och um Rock um Knuedler hu si 1997 gespillt.

Direkt nom Rock um Knuedler huet de Larry Bonifas d'Grupp verlooss an ass duerch d'Sängerin Geneviève Joly an de Rapper Carlos Matos ersat ginn. Och d'Geneviève Joly ass net laang bliwwen, huet awer nach den Hannergrondgesank beim Lidd Timebomb iwwerholl, deen 1998 op der Kompilatioun Is There An Alternative? erauskomm ass. Géint Enn 1997 huet och de Claude Melchior d'Band verlooss. 1998 sinn zwar nach d'Sängerin Esther van der Jagd an den Drummer Patrick Kessels (deen och Batterie bei Why Not gespillt huet) derbäikomm, mee schonn Enn 1998 ass d'Band vum Mich Mangen opgeléist gi mat der Begrënnung, hie wéilt Studioerfahrung als Produzent sammelen.

De Mich Mangen huet d'Auteurs- an d'Compositeursrechter vun alle Stécker vu Sleepwalk.

Remove ads

Discographie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads