T42
fréier lëtzebuergesch Museksgrupp From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
T42 war eng lëtzebuergesch Museksgrupp. Si war an den 1990er Joren an an de fréien 2000er eng vun den erfollegräichste Bands am Land. Den Numm gëtt wéi "tea for two" op Englesch ausgeschwat.
Remove ads
Bandgeschicht
T42 ass Ufank 1990 als Schülerband gegrënnt ginn. Den Numm T42 kënnt aus dem Film La grande vadrouille (1966), an deem zwéin englesch Zaldoten d'Lidd "Tea for Two" als Geheimcode unhuelen[1].
Hir éischt EP Waiting for the Light ass 1992 erauskomm. D'Singleauskopplung Marie-Anne war e risege Radioerfolleg an huet d'Grupp landeswäit bekannt gemaach.
1993 bis 1996 ass d'Band all Joer um Rock um Knuedler opgetrueden, an duerno nach eng Kéier am Joer 2002.
Den 22. Juni 1997 ass T42 zesumme mat Sleepwalk als Virband vum Michael Jackson bei engem vun de gréisste Concerten zu Lëtzebuerg viru 40.000 Zuschauer opgetrueden[2].
Am Joer 2000 huet T42 fir d'Kompilatioun Planet Lëtzebuerg vun RTL eng Neiopnam vum Feierwon opgeholl.
Hire leschte Concert hunn T42 de 27. Mee 2005 an der Escher Kulturfabrik ginn[1]. Den John Rech an den Eric Falchero hunn duerno e weider Projet gestart, d'Grupp Dream Catcher.
Remove ads
Diskografie
Albumen
- 1995: Welcome to Our World
- 1996: Bad Hair Day
- 1999: Hopeless Romantic Folk Circus (Kompilatiounsalbum)
- 2000: T42 & Friends: This Big Wonderful Night
- 2002: Oopsy-Daisy
- 2003: T42 Live: Crew Deluxe (Live-Album)
- 2005: From School Band to Nowhere (Least Worst Of) (Kompilatiounsalbum)
- 2006: Äddi a Merci: Live at Kufa (Live-Album)
EP
- 1992: Waiting for the Light
- 1994: T42 for Added Protection
Singelen (Auswiel)
- 1992: Marie-Anne
- 1993: Prayers for Love
- 1994: She Dances Until She Breaks Down
- 1995: Kitty
- 1995: Autumn Leaves
- 1995: Christmas in July
- 1996: Oceans
- 1996: Great Song of Indifference
- 2000: De Feierwon
Remove ads
Quellen
- Biografie op Allmusic
- Diskografie op Rate Your Music
Referenzen
- woxx.lu: T42: Ende offen vum Claudine Muno (29. Abrëll 2005)
- www.republicain-lorrain.fr: Michael Jackson à Bettembourg en 1997 : le concert "History"(que), Artikel ursprénglech vum 23. Juni 1997, vum Nicolas Mougin
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads