E Beffroi (oder Belefroi; nl.belfort, de.: Belfried) ass den Numm vun engem héijen, schlanke Klackentuerm wéi e besonnesch fir flämesch Stied typesch ass.
D'Beffroien an der Belsch an an Nord-Frankräich, déi als Weltierwe klasséiert sinn.
Funktioun
Déi meescht Beffroie goufen an der Zäit vun der Gotik gebaut an zielen zu de bedeitendste Profanbaute vum Mëttelalter. Si goufe vun den net-reliéisen Autoritéite vun de Stied, oder den Zënft reps. Gilden als Symbol vun der biergerlecher Muecht opgeriicht, och géintiwwer vun där vun der Kierch. Meeschtens ass de Beffroi mam Stadhaus verbonnen oder steet fräi niewendrun.
Well et eng relativ gutt ofgeséchert Plaz war, gouf et dacks am Tuerm d'Stadarchiv, d'Schatzkummer oder e Prisong. Doriwwer eraus war et e Wuechttuerm, fir eventuell Feier, oder Feinden, déi am Umarsch waren, z'erblécksen, an och, fir wichteg Neiegkeeten ze proklaméieren. Am Beffroi gëtt et weiderhin eng Stadklack, a vum 16. Joerhonnert un e Carillon (Klackespill), deen d'Zäit a fir besonnesch Evenementer geschloen huet.
Remove ads
Beffroien an der Belsch an a Frankräich
1999 an 2005 goufen 23 Beffroien an Nordfrankräich (Franséisch-Flandern) an der 33 an der Belsch vun der UNESCO zum Weltkulturierwen erkläert. An der Lëscht sinn och e puer Kierchtierm, si sinn hei drënner kursiv markéiert.
Klackentuerm vu Bergues - 1944 zerstéiert, 1961 a vereinfachter Form nees opgebaut; Carillon mat 50 Klacken. Bekannt duerch de Film „Bienvenue chez les Les Ch'tis“.
Ursprénglech en Eckturm vun der Duchhal, déi 1377 zum Stadhaus vergréissert gouf; am Éischte Weltkrich schwéier beschiedegt; 1925/26 nees opgebaut; de Carillon gouf eréischt 1975 duerch en neie mat 49 Klacken ersat.
Kierchturm vun der Sint-Pieterskerk, deen net fäerdeg gouf, deen ca. 165 Meter héich hätt solle ginn; well deen ieweschten Deel véiermol an e Koup gefall ass, gouf en ewechgelooss
Lier
Belsch, Provënz Antwerpen
13691369
1999
No Pläng vum Hendrik Mijs; Gouf an d'Stadhaus vu 1741 integréiert, ma ass méi al; zanter 1971 Carillon mat 23 Klacken
Kierchtuerm vun der Sint-Rombouts-Kathedral; no Pläng vum Rombout Keldermans; gouf wéinst finanzielle Problemer net fäerdeg gebaut, en hätt sollen 167 Meter héich ginn; zwéi Carillonen
Mechelen
Belsch, Provënz Antwerpen
135014. Joerhonnert
1999
net fäerdeg gebaut; ursprénglech Deel vun der Duchhal, déi 1526 vum Rombout Keldermans an d'Stadhaus ëmgebaut gouf