Spelz

From Wikipedia, the free encyclopedia

Spelz
Remove ads

Spelz (Triticum spelta L.) ass eng Fruuchtaart, déi als Virleefer vum haitege Weess gëllt.

op ee Bléck Wëssenschaftlech Klassifikatioun, Räich ...

Geschicht

Bis virun honnert Joer war de Spelz an Europa wäit verbreet a gouf dunn allerdéngs vum Weess ëmmer méi verdrängt an dat bis déi nei Naturkaschternierung erëm entdeckt gouf.

Spelz fënnt een dowéinst erëm méi op de Felder, wat absënns op Efforten an d'Richtung vum ekologeschen Akerbau zeréckzeféieren ass. Zu Lëtzebuerg ass et apaart d'Spelzgenossenschaft Naturpark Öewersauer, déi d'Virdeeler vum Spelz ze schätze weess.

Remove ads

Gebrauch

De Lëtzebuerger Spelz gëtt virun allem fir Brout, Béier an Deegwuere gebraucht. Spelz gëtt an der Vollwäertkichen erëm vill gebraucht an e kann als Zousaz fir Kniddelen, Zoppen a Gratin benotzt ginn.

D'Brauerei Simon vu Wolz braut zanter e puer Joer[Wéini?] e Béier mam Numm Simon Dinkel bei deem een Drëttel vun der Maisch aus net vermalztem Spelz besteet.[1]

Eegenschaften

Spelz ass net exigent wat de Buedem ugeet, en ass robust an net besonnesch krankheetsufälleg. Dozou kënnt, datt Spelz net mat anere Fruuchtzorte gekräizt ginn ass, well e relativ schwéier ze verschaffen ass, an doduerch seng ursprénglech Eegenschafte behale konnt, deenen eng besser gesondheetlech Verdreeglechkeet zougeschriwwe gëtt. Spelz huet e wierzegen an nëssege Goût.

Inhaltsstoffer

Spelz enthält vill Magnesium, Eisen, Zénk a Mangan.

Gesondheetswäert

Spelz ass net glutenfräi, dofir solle Leit, déi mat Zöliakie geplot sinn, kee Spelz iessen.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Spelz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten

  1. Triviales: de Batteur vun der Rock-Grupp Mild'N vun Zürich heescht Simon Dinkel.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads