Stadio Olimpico di Roma

From Wikipedia, the free encyclopedia

Stadio Olimpico di Roma
Remove ads

De Stadio Olimpico (Olympiastadion) ass e Foussballstadion zu Roum. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen ekipéiert ass, a mat 82.307 Plazen ass et nom Stadio Giuseppe Meazza den zweetgréisste Foussballsstadion an Italien.

Thumb
Vue op den Terrain an d'Tribunen

De Stadion ass 1990 restrukturéiert ginn. Déi aktuell Architektur ass d'Wierk vum Architekt Annibale Vitellozzi.

De Foussballsterrain ass 105 x 68 m grouss, a gëtt vun der UEFA an der Klass vun de Fënnefstärestadione gefouert.

Et ass de Stadion op dem déi zwou Ekippe vu Roum, AS Roum an SS Lazio, hir Heemspiller ausdroen. De Lokalderby tëscht AS Roum a Lazio gëtt Derby Capitolino genannt.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Olympiastadion Roum – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads