Supjesbox
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Eng Supjesbox ass eng laang Box, déi ënnen un de Boxebee Bänner huet, déi ënner de Féiss erduerchginn (dohier den Numm, dee vu sous-pied ofgeleet ass), a solle verhënneren, datt sech d'Boxebeen eropstrëppen. Vill Ski- a Reitboxe gehéieren zu de Supjesboxen.
Am Reenert ernimmt de Michel Rodange déi Zort Box am néngte Gesank (Vers 296)[1]:
Dir wësst, ech war Ramplassang,
Ramplassang fir e Fochs;
Ech hat e grénge Mantel
An och eng Supjesbox.
Am Michel Lentz sengem De Fräsch an den Ochs gëtt déi "Bochs" vun engem Ochs gedroen. An der drëtter Stroph an der Welter-Engelmann-Schreifweis steet:
- Hei ko'm um Summerwe e gro'sse schwe'ren Ochs
- Op he'ge Spillebên an enger Zupjesbochs
- Am Lengent bis un d'Nues, wern'ert Stiwlen un,
- E Schnëppel op de Mo'd mat enger Kastors Dunn.
Remove ads
Referenzen an Notten
- an der Schreifweis vun 2019
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads