Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette
interkommunale Syndikat fir den ëffentlechen Transport am Süde vu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, ofgekierzt TICE, ass e lëtzebuergeschen interkommunale Syndikat dee sech ëm den ëffentleche Persounentransport am Süde vu Lëtzebuerg, gréisstendeels am Minett këmmert.


Den TICE ass zanter 2020 als ëffentlecht Etablissement am Handelsregëster agedroen[1].
Remove ads
Geschicht
Legal Basis


Mam Gesetz vum 19. Mee 1914[2] gouf d'Regierung autoriséiert bis zu 50 Prozent vun de Käschten fir d'Uleeë vun interkommunalen Tramslinnen am Kanton Esch-Uelzecht z'iwwerhuelen. Den initiale Betrag vun der staatlecher Participatioun vun ursprénglech maximal 2,5 Milliounen Frang gouf 1921 op e Maximum vun 8,7 Millioune Frang erhéicht[3].
Op Basis vum Gesetz vun 1914 gouf de Syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-s.-Alz duerch e groussherzogleche Beschloss vum 2. Juni 1914[4] vun den 9 follgende Gemenge gegrënnt:
Diddeleng
Déifferdeng
Esch-Uelzecht
Keel
Nidderkäerjeng (haut: Käerjeng)
Péiteng
Rëmeleng
Schëffleng
Suessem
De Syndikat krut d'exklusiivt Recht fir um Gebitt vun de Membergemengen en Tram ze bauen, ze bedreiwen a fir Konzessiounen ze verginn.
Am Laf vun der Zäit gouf den Arrêté grand-ducal e puermol ugepasst: de 27. Dezember 1951[5], de 27. Mee 1952[6], 1953[7], den 29. Juli 2008[8],[9] an den 1. Dezember 2017[10]. Mat der Statutenännerung vun 2008 gouf den Numm Tramways intercommunaux du canton d'Esch-sur-Alzette an Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette geännert, d'Ofkierzung TICE gouf bäibehalen[8].
Am Joer 2008 ass d'Gemeng Monnerech dem TICE-Syndikat bäigetrueden[Quell?].
Am Joer 2012 koumen duerch d'Schafe vun der Gemeng Käerjeng duerch Fusioun zousätzlech Uertschaften dobäi.
Am Februar 2025 gouf eng nei Konventioun ausgeschafft, duerch déi den Transportministère och Member vum Syndikat gouf. Doduerch gëtt dann en Deel vun den Exploitatiounskäschten an de Fraisen fir nei Investissementer (ë. a. an eng elektresch bedriwwe Busflott) vum Staat gedroen.[11] Enn Juni gouf du bekannt, datt – virausgesat déi néng betraffe Schäfferéit sinn averstanen – den TICE an Zukunft als Syndicat mixte soll funktionéieren, an deem den Transportministère d'Presidence iwwerhëlt. D'Käschte fir d'Gemenge géifen op 15 Milliounen Euro d'Joer limitéiert, alles driwwer géif vum Staat iwwerholl ginn.[12]
Exploitatioun
D'Geschicht vum TICE léisst sech an dräi Phasen andeelen:
- Plangen a Realiséieren (12. Mee 1910 - 29. Mee 1927),
- Tramsbetrib (29. Mee 1927 - 22. September 1956); méi Informatioun doriwwer am Artikel Minettstram,
- Busbetrib (13. September 1949 - haut).
Vun 1949 bis 1956 sinn déi fréier Linne vum Minettstram no an no mat Bussen ersat ginn.
Den 2. Juni 2014 gouf den 100. Jubiläum vum TICE an enger akadeemescher Sëtzung am Escher Theater gefeiert[13]. Den TICE huet 2014 364 Leit beschäftegt an hat 110 Bussen am Asaz. Aus der selwechter Ursaach war den 19. Juli 2014 eng Porte ouverte an de Raimlechkeete vum TICE um Boulevard Charles de Gaulle[14].
Direktioun
Den Direkter vum TICE ass de Mike Schoos, de President vum Syndikat ass de Marco Lux[15].
Remove ads
Statistesch Daten

Donnéeën iwwer den TICE[16]
| Zuel vun de Buslinnen | 10 | Stand: 01/2026 | |||
| Zuel vun de Gefierer | 148 | Stand: 12/2025 | |||
| mat Diesel | 55 | ||||
| Gelenkbus | 25 | ||||
| Standardbus | 17 | ||||
| Midibus | 13 | ||||
| Hybrid-Undriff | 41 | ||||
| Gelenkbus | 29 | ||||
| Standardbus | 12 | ||||
| mat Äerdgas | 48 | ||||
| Standardbus | 48 | ||||
| ouni (Unhänger) | 5 | ||||
| Personal | 508 | Stand: 04/2022 | |||
| Administratioun | 12 | ||||
| Atelier | 70 | ||||
| Fuerbetrib | 426 | ||||
| Chaufferen | 409 | ||||
| aner | 17 | ||||
| Gefuere Streck pro Joer (km) | 6.457.000 | Stand: 04/2022 | |||
| Zuel vun de Passagéier | 8.000.000 | Stand: 04/2022 | |||
Remove ads
Buslinnen
D'Streckennetz vum TICE hat am Joer 2011 eng Längt vun 377,5 km. Am Joer 2015 huet den TICE 15 Buslinne fir de Public (Nummeren 1 bis 10, 12 bis 15 a 17) an 81 Linne fir de Schülertransport bedriwwen. Zënter dem 14. Dezember 2025 ginn d'Linnen 8, 9, 10, 12, 17 net méi vum TICE assuréiert, sou datt nach just 10 Linnen zum TICE-Reseau gehéieren.
Op den Haaptbuslinne fueren d'Busse wiertes am 15 Minutten-Takt, op den Niewelinnen all 30 Minutten. Sonndes gëllt am Prinzip e Stonnen-Takt, vereenzelt just all zwou Stonnen.
Déi Escher Gare huet grad wéi fréier beim Tram d'Funktioun vun engem Terminus; mat der Reorganisatioun 2025/26 fält d'Halt bei der Gare awer fir d'Linnen 2, 4 a 5 ewech, wat et mat sech bréngt, datt d'Passagéier deelweis méi wäit – bis op d'Stadhausplaz – goe mussen[17].
Vum 5. Dezember 2016 bis den 13. Juli 2025 ass all Weekend an um Virowend vun de Feierdeeg en "Nuetsbus" op alle Linnen gefuer. D'Nuetsbuslinne goufen am Kader vun der Reorganisatioun vum ëffentlechen Transport am Süde vum Land zougemaach.[18]
Aktuell Linnen
Fréier Linnen
Remove ads
Fuerpark



Iwwersiicht vum TICE-Fuerpark[21]:
Aktuell Bussen
◆ De Mercedes Bus Nr. 34 vun 1959 zielt net zum Linnebetrib; en huet iwwerlieft an ass renovéiert ginn. E gëtt vun der Bus 34 asbl benotzt a gefleegt a ka fir privat Zwecker (mat Chauffer) gelount ginn.
Fréier Bussen
Remove ads
Gebaier
De Busdepot mat de Reparaturatelieren an d'Verwaltung vum TICE ass um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht. An den Ateliere kënnen alleguer d'Reparaturen un der Mechanik, der Karosserie an de Sëtzer vum eegene Personal ausgeféiert ginn. Am Lager sinn iwwer 16.000 Ersatzdeeler permanent disponibel fir d'Reparature sou séier wéi méiglech kënnen ze maachen. Zu den Ateliere gehéiert eng Wäschstrooss an eng modern ekipéiert Sprëtzkabinn fir Lackéierungsaarbechte vun eenzelen Deeler, an awer och vu komplette Bussen.
Remove ads
Literatur
- P. Bohnert, R. Dhur, J. Eck, P. Rauen: De Minettstram: Die Geschichte der interkommunalen Trambahnen im Kanton Esch, 1985, 325 S., Éditpress
- P. Bohnert, A. Pennartz: De Minettstram: fréier an haut, 2009, 252 S., Impr. Schlimé (Bartreng), ISBN 978-2-87996-645-8
Dokumentatiouns-CD
- Fir den 100. Gebuertsdag vum TICE ass am Juli 2014 eng Video-CD mat engem kommentéierte Film zur Geschicht vum TICE erauskomm: De Minettstram
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Interkommunal Syndikater |
| Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW |
Referenzen
- (fr) (J127) SYNDICAT DES TRAMWAYS INTERCOMMUNAUX DANS LE CANTON D'ESCH. www.lbr.lu (31.01.2020). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Loi du 19 mai 1914 concernant l'établissement de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-sur-Alzette. legilux.public.lu (23.05.1914). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Loi du 9 août 1921 portant modification de l'art. 1er de la loi du 19 mai 1914 concernant l'établissement de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-s.-l'Alzette. legilux.public.lu (13.08.1921). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Arrêté grand-ducal du 2 juin 1914 portant création d'un syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-s.-Alz. legilux.public.lu (06.06.1914). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Arrêté grand-ducal du 27 décembre 1951 portant modification de l'article 4 de l'arrêté grand-ducal du 2 juin 1914, concernant la création d'un syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch/Alzette. legilux.public.lu (29.12.1951). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Arrêté grand-ducal du 27 mai 1952, portant modification de l'article 5 de l'arrêté grand-ducal du 2 juin 1914, modifié par l'arrêté grand-ducal du 27 décembre 1951. (Syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux).. legilux.public.lu (06.06.1952). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Arrêté grand-ducal du 13 novembre 1954 modifiant l'organisation du syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-sur-Alzette. legilux.public.lu (01.12.1954). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Arrêté grand-ducal du 29 juillet 2008 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat pour le transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, en abrégé «T.I.C.E.». legilux.public.lu/ (03.09.2008). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Arrêté grand-ducal du 29 juillet 2008 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat pour le transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, en abrégé «T.I.C.E.». RECTIFICATIF. legilux.public.lu (30.01.2009). Gekuckt den 22.08.2020.
- (fr) Arrêté grand-ducal du 1er décembre 2017 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat pour le transport intercommunal de personnes dans le Canton d'Esch-sur-Alzette, en abrégé « T.I.C.E. ». legilux.public.lu (23.12.2017). Gekuckt den 22.08.2020.
- (de) Philipp Michel: "Ministerium übernimmt - TICE bald nicht mehr in Gemeindehand: Grundsätzliche Einigung zur Finanzierung steht." tageblatt.lu, 10.02.2025.
- (fr) FGFC-Delegation beim Transportministerium: Fortschritte bei der Transformation des TICE-Syndikats-Personalinteressen im Fokus. FGFC - Fédération Générale de la Fonction Communale. Gekuckt de 26.06.2025.
- Nicolas Anen am Luxemburger Wort vum 4. Juni 2014, S.18: Den TICE, e Stéck Minett
- P. Mousel am Luxemburger Wort vum 21. Juli 2014, S. 18: Öffentlicher Transport mal anders
- Notre équipe. Syndicat T.I.C.E. Gekuckt den 02.12.2025.
- Stand: Dezember 2025 fir d'Gefierer; Januar 2026 fir d'Linnen, Abrëll 2022 fir d'Personal, d'Kilometer an d'Passagéier
- Nouveaux tracés TICE : «Une détérioration factuelle pour de nombreux passagers» | Le Quotidien. Gekuckt den 02.12.2025.
- (lb) TICE deelt mat: An der Nuecht op e Sonndeg sinn déi lescht Late Night Busse gefuer. www.rtl.lu. Gekuckt de 24.07.2025.
- Le Citybus bientôt géré par la Ville de Dudelange. Ville de Dudelange. Gekuckt den 03.12.2025.
- (fr) Petra Svoboda, Réorganisation des réseaux de bus TICE et RGTR dans la région Sud à partir du 4 janvier 2026. Mobilitéit (03.12.2025). Gekuckt den 03.12.2025.
- (de) Fahrzeugliste - Luxembourg, Tramways Intercommunaux dans le Canton d´Esch (TICE). fotobus.msk.ru. Gekuckt den 02.12.2025.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

















