Théâtre ouvert Luxembourg

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Théâtre ouvert Luxembourg (ofgekierzt: TOL) ass en Ensembel an der Stad Lëtzebuerg, dee franséischsproocheg Theaterstécker spillt.

En ass 1973 ronderëm fënnef engagéiert Theaterfrënn entstanen: Marc Olinger, Ger Schlechter, Henri Losch, Pol Greisch a Christiane Schlechter-Wirtz[1]. Éischten artisteschen Direkter war de Marc Olinger, éischte President de Ger Schlechter.

En ale Spirituosen-Hangar op der Nummer 143 an der Diddenuewener Strooss gouf vun de Membere vum TOL 1984 an en Täschentheater ëmgebaut. Zanterhier huet den TOL do säi feste Sall, deen nom Doud vun der Christiane Schlechter-Wirtz "Salle Christiane Schlechter" genannt gouf.

Remove ads

Artistesch Direktere vum TOL

Presidenten

TOL asbl

Den 28. Januar 2002 ass e Veräin ënner dem selwechten Numm gegrënnt ginn, fir den Theater ze bedreiwen: Théâtre ouvert Luxembourg asbl.[4]

Literatur

  • Marc Thill, 2023. Deux dames, un théâtre. Luxemburger Wort vum 3. Oktober 2023, S. 58-59.
  • Beck, Simone, 2007. à propos... théâtre au Luxembourg. Service information et presse du gouvernement luxembourgeois, Département édition. 20 p. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg. ISBN 978-2-87999-150-4. (PDF 2MB)

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Am selwechte Joer grënnen de Philippe Noesen an d'Marja-Leena Junker zesummen mat e puer Frënn den Théâtre du Centaure. Cf. Beck 2007
  2. Lëscht vun den Artisteschen Direkteren an der Brochure Théâtre ouvert Luxembourg, Saison 2023-24.
  3. Lëscht vun de Presidenten an der Brochure Théâtre ouvert Luxembourg, Saison 2023-24, [S.6].
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads