Tawioun
Strooss an der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Tawioun (och alt Tavioun[1]) ass eng Strooss, déi an der Stad Lëtzebuerg d'Neiduerf mam Zens verbënnt.
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Remove ads
Geographie
Vun der Neiduerfer Strooss am Neiduerf aus, geet den Tawioun op 249 Héichtemeter fort, leeft de Bierg aus a stéisst um Zens op enger Héicht vun 324 m ëstlech vum Fetschenhaffer Kierfecht op d'Tréierer Strooss.
Numm
Den Numm vun der Strooss geet op den Oktavian zeréck, e Bouf vum Péiter Ernest vu Mansfeld a senger zweeter Fra, der Marie de Montmorency.
De Mansfeld hat eng ronn 5 km laang Mauer ronderëm den Déieregaart baue gelooss, deen zu sengem Schlass gehéiert huet. An der Mauer waren e puer Paarten an eng dovu war d'Porta Octaviani. Déi genee Plaz wou se stoung ass net gewosst, awer verschidden Historiker[2] situéiere s'um Fetschenhaff.

Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Tawioun – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fanny Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Ons stad 80/2005, S. 19
Referenzen an Notten
- fréier Schreifweis
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
