Tempelbierg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Tempelbierg (Hebräesch: הַר הַבַּיִת, Har haBayit), an der arabescher Welt bekannt als Nobelt Hellegtum (Arabesch: الحرم الشريف, Haram al-Sharif), ass en Hiwwel an der Alstad vu Jerusalem, deen zënter Dausende vu Joren am Juddentum, am Chrëschtentum an am Islam als helleg Plaz veréiert gëtt.
Haut ass et eng flaach Plaz, mat Stäipmauere ronderëm (dorënner d'Westmauer, och "Klomauer" genannt), déi ursprénglech vum Kinnek Herodes am éischte Joerhonnert v. Chr. fir eng Erweiderung vum Zweete jiddeschen Tempel gebaut goufen. D'Plaz gëtt vun zwou monumentale Strukturen dominéiert, déi ursprénglech wärend dem Rashidun- a fréien Umayyaden-Kalifat gebaut goufen, nodeems d'Stad am Joer 637 n. Chr. eruewert gouf: dem Haaptgebietssall vun der al-Aqsa-Moschee an dem Fielsendoum (oder Fielsekuppel), am Zentrum vum Hiwwel, dee 692 n. Chr. fäerdeg gebaut gouf, a sou eent vun den eelsten erhalenen islamesche Gebaier op der Welt ass. D'herodianesch Maueren a Paarten, mat Ergänzungen aus der spéider byzantinescher, der fréier muslimescher, mamlukescher an osmanescher Period, flankéieren d'Plaz, déi duerch eelef Paarte kann erreecht ginn: zéng fir Moslemen an eng fir Net-Moslemen, mat Wuechtposte vun der israeelescher Police bei all Paart. Am Norden an am Weste vum Haff stinn zwéi Porticken (riwaq) a véier Minaretten.
Den Tempelbierg, op deem fréier zwéi jiddesch Tempele stoungen, ass déi hellegst Plaz am Juddentum. No der jiddescher Traditioun gouf den éischten Tempel vum Kinnek Salomon, dem Jong vum Kinnek David 957 v. Chr. gebaut, a gouf, zesumme mat ganz Jerusalem, 587 v. Chr. vum neobabylonesche Räich zerstéiert. Et goufe bis ewell keng archeologesch Beweiser fonnt, déi d'Existenz vum éischten Tempel beleeë géifen, an d'wëssenschaftlech Ausgruewunge ware bis ewell wéinst reliéise Sensibilitéite limitéiert.
Den zweeten Tempel, deen ënner dem Serubbabel 516 v. Chr. gebaut gouf, gouf méi spéit vum Kinnek Herodes renovéiert a schliisslech am Joer 70 n. Chr. vum Réimesche Räich zerstéiert. Déi orthodox-jiddesch Traditioun erwaart, datt op där Plaz den drëtten a leschten Tempel gebaut géif ginn, wann de Messias kéim.
Den Tempelbierg ass d'Plaz, an där hir Richtung sech d'Judde beim Gebiet dréien. Wéinst senger héijer "Hellegkeet" betriede vill Judden de Bierg selwer net, fir ze vermeiden, ongewollt an d'Géigend ze kommen, wou dat Allerhellegst stoung, an et laut dem rabbinesche Gesetz nach ëmmer en Aspekt vun der gëttlecher Presenz op der Plaz gëtt.
D'Al-Aqsa Moschee, déi uewen op der Plaz läit, ass déi zweeteelst Moschee am Islam, an eng vun den dräi "Hellege Moscheeën", den hellegste Plazen am Islam; si gëtt als "dat Nobelt Hellegtum" veréiert. An hirem Haff (sahn) ass Plaz fir iwwer 400.000 Gleeweg. Si ass domat eng vun de gréisste Moscheeën op der Welt. Fir sunnittesch a schiittesch Moslem gëllt se als déi drëtthellegst Plaz am Islam. Do soll den islamesche Prophéit Mohammed an den Himmel gefuer sinn, an huet als déi éischt "Qibla" gedéngt, d'Richtung, an déi sech d'Moslem beim Bieden hindréinen. Wéi d'Judden associéieren och d'Moslemen d'Plaz mam Salomon an anere Prophéiten, déi och am Islam veréiert ginn. D'Plaz, an den Ausdrock "al-Aqsa", a Bezuch op déi ganz Plaz, ass och en zentralen Identitéitssymbol fir Palestinenser, dorënner och palestinensesch Chrëschten.
Zënter de Kräizzich gëtt d'Plaz, via de Jerusalem Islamesche Waqf, vun der muslimescher Communautéit vu Jerusalem verwalt. Zesumme mat ganz Ostjerusalem (inklusiv der Alstad), gouf den Hiwwel vun 1948 bis 1967 vu Jordanie kontrolléiert. Zënter dem Krich vu Sechs Deeg vun 1967 ass e vun Israel besat. Kuerz nodeems Israel d'Plaz eruewert hat, huet et se dem Waqf, ënner jordanescher haschemitescher Opsiicht, zeréckginn, iwwerdeems d'Sécherheetskontroll an israeelescher Hand bleift. Déi israeelesch Regierung suergt, am Kader vun engem Arrangement, dat normalerweis als "Status Quo" bezeechent gëtt, dofir, datt et Net-Moslemen, net do däerfe bieden.
D'Plaz steet ëmmer nees am Fokus vum Israeelesch-palestinensesche Konflikt.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Tempelbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
