Ostjerusalem

Deel vu Jerusalem, de jure Haaptstad vu Palestina From Wikipedia, the free encyclopedia

Ostjerusalem
Remove ads

Ostjerusalem oder Ost-Jerusalem ass deen Deel vu Jerusalem, dee vum Palestinakrich 1948 bis zu senger Eruewerung vun Israel am Krich vu Sechs Deeg 1967 vu Jordanie besat war.

Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Land, Vewaltungseenheet ...
Remove ads

Statut vun der Stad

Israeelesch Siicht

Aus israeelescher Siicht ass Ostjerusalem elo en Deel vum vereente Jerusalem, inklusiv den Deeler vum Westjordanland, déi Israel als en Deel vum stättesche Gebitt vu Jerusalem erkläert huet.

D'Gebitt, dat am Krich vu Sechs Deeg vun 1967 eruwert gouf gouf an duerno – op Grond vum Jerusalemgesetz vun 1980 – annektéiert gouf, gëtt vun der internationaler Gemeinschaft net unerkannt, grad wéi déi fréier Annexioun vun Ostjerusalem duerch Jordanien am Joer 1950 net unerkannt gouf.

Den UN-Sécherheetsrot huet verschidde Resolutioune gestëmmt, an deenen d'Annexioun oder hir Preparatioun verurteelt goufen. Am Joer 2024 huet den Internationale Geriichtshaff d'israeelesch Besetzung vun Ostjerusalem, inklusiv de Siidlungen als widderspréchlech zum internationale Recht erkläert an Israel opgefuerdert, dës Besetzung op en Enn ze bréngen.

Palestinensesch Siicht

Aus palestinensescher Siicht ass Ostjerusalem, oder fir verschidde palestinensesch Organisatiounen, ganz Jerusalem, d'Haaptstad vun engem zukünftege palestinensesche Staat. Am Joer 2017 huet d'Organisatioun fir islamesch Kooperatioun (Organisation de coopération islamique, OCI) Ostjerusalem als Haaptstad vu Palestina unerkannt.

Remove ads

Geographie

Ostjerusalem begräift d'Alstad vu Jerusalem an d'Distrikter am Osten, dorënner den Uelegbierg. Ostjerusalem ass d'Heemecht vun enger Rëtsch vun den hellegste Plaze vum Juddentum, Chrëschtentum a vum Islam. Dozou zielen ë. a. d'Klomauer (déi westlech Mauer vum Tempel), den Tempelbierg mam Fielsendoum an der al-Aqsa-Moschee, an d'Kierch vum hellege Graf.

Populatioun

Et gëtt keng offiziell Awunnerzuele fir Ostjerusalem; Schätzunge gi vun 236.000 israeelesche Siidler aus (Stand 2021)[1],[2].

Geschicht

Kuckeswäertes

Bekannt Leit vun Ostjerusalem (Auswiel)

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Ostjerusalem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. (en) Israel (8. Juli 2025). Gekuckt de 15. Juli 2025.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads