Theta

Buschtaf From Wikipedia, the free encyclopedia

Theta
Remove ads

Den Theta (griichesche Neutrum, Majuskel Θ, Minuskel θ oder ϑ) ass den 8. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 9.

Thumb
De griichesche Buschtaf “Theta”

De Buschtaf gëtt wéi e schaarfen th aus der englescher Sprooch ausgeschwat.

Theta am Gebrauch

  • An der Physik
    • ass de klengen Theta θ d'Zeeche fir Temperatur.
    • ass de klengen Theta θ d'Zeeche fir de Verdréiwénkel
    • ass de groussen Theta Θ d'Zeeche fir d'magnéitesch Duerchflutung souwéi fir den Inertiemoment.
    • De Kontaktwénkel bei Phasegrenzen.
  • An der Meteorologie
    • ass de klengen Theta d'Zeeche fir d'potentiell Temperatur.
  • An der Mathematik
    • ass de klengen Theta d'Koordinat vum Azimutwénkel an de sphäresche Polarkoordinaten.
    • ass de klengen Theta d'Zeeche fir de Wénkel vun enger Fläch.
    • ass de groussen Theta ee vun de Landau-Symboler.
    • ginn e puer Funktiounen als Theta-Funktioun bezeechent.
  • An der Neurologie/Neuropsychologie
    • bezeechent de klengen Theta θ eng bestëmmt Frequenz am Elektroenzephalogramm (EEG).
  • An der Vollekswirtschaftsléier
    • bezeechent de klengen Theta de Reservesaz, deen e Finanzinstitut wéinst gesetzleche Grondlagen hale muss.
  • An der Populatiounsgenetik
    • bezeechent de klengen Theta d'geneetesch Differenzéierung tëscht Populatiounen (analog zu Wrights FST).
  • An der Podologie
    • bezeechent de groussen Theta de volumetresche Waassergehalt.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Theta – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads