Tilly Decker
lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Mathilde, genannt Tilly Decker, gebuer den 10. Januar 1930 zu Esch-Uelzecht, ass eng fréier lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin.[1]
Karriär[2]
D'Tilly Decker war Member an der Fola an déi éischt lëtzebuergesch Sprinterin. Si huet den 19. August 1945 mat 13,2" den éischte Landesrekord am 100-Meter-Laf opgestallt. Duerno huet si dëse Rekord dräimol verbessert, fir d'lescht op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London[3] wou si ënner 38 Konkurrentinnen aus 21 Natioune mat engem Chrono vun 12,4" op déi 5. Plaz koum. Am 200-Meter-Laf koum si ënner 33 Konkurrentinnen aus 17 Natiounen an enger Zäit vu 26,7" och op déi 5. Plaz.
Si konnt de Rekord op den 100-Meter iwwer 17 Joer halen, ier en 1964 vun der Manuela Kaufhold gebrach gouf.
Remove ads
Auszeechnungen
Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[4]- 1998 gouf si mam Éierepräis vum „Lëtzebuergesche Sportler vum Joer“ ausgezeechent
Kuckt och
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
- Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 42-43. ISBN 978-2-9599734-5-1
- D'Tilly Decker op der Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Olympiens Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt de 04.02.2011.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads