Timor

From Wikipedia, the free encyclopedia

Timor
Remove ads

Timor ass ass eng gedeelt Insel am Timormier vum Indeschen Ozean. Se gehéiert zum Malayseschen Archipel an ass mat 30.459 km²[1] déi gréisst an déi ëstlechst vun de Klenge Sundainselen.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Geographie, Kontinent ...

Timor huet ongeféier 3,369 Milliounen Awunner.

Remove ads

Geographie

D'Insel ass 476 km laang, awer nëmmen héchstens 102 km breet an erstreckt sech a west-ëstlecher Richtung.

Timor läit ronn 1.100 km westlech vun der Insel Neuguinea an 600 km nërdlech vun Australien

Politesche Status

D'Insel ass politesch an zwee gedeelt:

Timor-Leste

Den ëstlechen Deel vun der Insel bilt den onofhängege Staat Timor-Leste (och nach Osttimor), zu deem och nach d'Exklave Oe-Cusse Ambeno am westlechen Deel grad ewéi déi zwou kleng Inselen Atauro a Jaco gehéieren. Timor-Leste ass 14.609 km²[1] grouss an huet ongeféier 1,357 Milliounen Awunner[2]. D'Haaptstad vun Osttimor ass Dili.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Timor-Leste.

Westtimor (Indonesien)

De westlechen Deel vun der Insel, Westtimor (Indoneesesch:Timor Barat) gehéiert, grad ewéi all déi aner Gebidder vun de Klenge Sundainselen, zu Indonesien. Westtimor ass en Deel vun der indoneesescher Provënz Nusa Tenggara Timur, huet eng Fläch vu 15.850 km² [1] an 2,012 Milliounen Awunner[3]. D'Haaptstad ass Kupang.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Westtimor.

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads