Tom Weidig

lëtzebuergesche Physiker a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Tom Weidig
Remove ads

Den Tom Weidig, gebuer de 7. Dezember 1972 zu Esch-Uelzecht[1] ass a lëtzebuergesche Physiker a Politiker (ADR).

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Formatioun a Karriär

No senger Première am Lycée Hubert Clément zu Esch (1992) huet den Tom Weidig säi Bachelor of Science (B.Sc.) an der Physik op der Universitéit vu Kent an op der Indiana University Bloomington gemaach. 1996 huet hie säi Master of Science (M.Sc.) an theoretescher Physik am Imperial College zu London gemaach an duerno (1999) en Doktertitel (PhD) an der Deelerchersphysik op der Universitéit vun Durham[1].

Den Tom Weidig schafft zanter 2011 beim Commissariat aux assurances[1].

Remove ads

Politesch Karriär

Bei de Gemengewalen 2023 gouf hie fir d'ADR an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt[2] a bei de Chamberwalen am selwechte Joer huet hien am Bezierk Zentrum fir seng Partei kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt[3].

Affär Weidig

An der Affär Weidig geet et ëm e Like, deen den Tom Weidig den 8. Februar 2025 ënner de Facebook-Kommentar vum Benotzer "De Patrick" gesat hat, dee gemengt huet "Mir mussen och hei kempfen an LGTBQ vernischten" [sic]. Dëse Bäitrag op de soziale Medien huet eng breet politesch a gesellschaftlech Opreegung ausgeléist an d'ADR an eng gewëssen Erklärungsnout bruecht.

Den 11. Februar huet de Marc Spautz an der Chamber am Numm vun der CSV, der DP, der LSAP, déi gréng, de Piraten an déi Lénk eng Resolutioun hannerluecht, déi sech géint Gewalt, Haass an Diskriminatioun geriicht huet. All Riedner hu sech kloer vum Inhalt vun dësem Post distanzéiert. D'Resolutioun, ënnerschriwwe vum Marc Spautz, Gilles Baum, Marc Baum, Taina Bofferding, Sven Clement a Sam Tanson, gouf eestëmmeg ugeholl:

– condamne fermement toutes les attaques et le soutien aux attaques, sous quelque forme que ce soit, contre les droits humains, y compris les actes de violence, les discours de haine et les discriminations dirigés contre les minorités, qui n’ont pas de place dans notre société ;
– réaffirme que les droits humains doivent être respectés et protégés.

Doropshin huet den Tom Weidig de Like geläscht an den 12. Februar 2025 op Facebook erkläert "Ech muss dee Kommentar am Äifer des Gefechts geliked hunn ouni en ze liesen an déi Aussoen domat onwëllentlech an onwëssentlech ënnerstëtzen."

D'LGBTIQ-Organisatioun Rosa Lëtzebuerg huet eng Plainte géint de Weidig an den Auteur vum urspréngleche Kommentar gemaach, wéinst dem Opruff zur Vernichtung an huet dem Weidig seng Demissioun als Deputéierte verlaangt.

D'Parteipresidenin Alexandra Schoos an aner Parteiverantwortlecher hunn dem Weidig zwar "parteischiedegend Verhalen“ virgeheit, dat "inakzeptabel" wier, awer net den Ausschloss aus der Partei verlaangt. Den Nationalkommitee vun der ADR huet de 17. Februar eng schrëftlech Verwarnung mat verschiddenen net weider preziséierte Moossnamen géint de Weidig gesprach, hunn hien awer net aus der Partei ausgeschloss. Ëffentlech huet d'Partei betount, de Weidig hätt sech erkläert an entschëllegt, hie wéilt kee "vernichten" an domat wier d'Affär aus der Siicht vun der Partei intern gereegelt.

DP, CSV, LSAP, déi gréng, déi Lénk an d'Piraten hunn an engem gemeinsame Bréif un d'ADR däitlech méi haart Sanktionen géint den Tom Weideg verlaangt an hunn der ADR virgeheit, déi demokratesch Wäerter z'ënnergruewen.

D'Medien an eng Rei Kommentatoren hu vun engem weidere Beispill vu Rietspopulismus an der ADR geschwat an déi liicht Sanktiounen als e Signal gedeit, datt d'ADR rietsextreem Grenziwwertrëtt dulde géif.

Quellen zur Affär Weidig

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. (fr) Tom Weidig | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
  2. (fr) Luxembourg. elections.public.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
  3. (fr) Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads