Trappers

lëtzebuergesch Rockband From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Trappers sinn eng lëtzebuergesch Rockband.

op ee Bléck Museksgenre, Land ...

Bandgeschicht

D'Grupp gouf 2014 als Coldsnouts gegrënnt an huet sech annerhalleft Joer méi spéit ëmbenannt.[1]

Hiren éischte Concert huet d'Band de 14. August 2015 um Kolla-Festival zu Stengefort ginn.[2]

E gréissere Succès haten d'Museker am Dezember 2016 mat der Victoire um Concours Rock the South. Als Gewënnerpräis krute si eng Sessioun am Tounstudio vun der Rockhal. Dat huet hinnen erlaabt, eegent Material opzehuelen.[3]

Am Juni d'Joer drop hunn d'Trappers hir EP Timshel verëffentlecht, déi vum Nicolas Tesch opgeholl, gemëscht a gemastert gouf. Hold On gouf als Single ausgekoppelt a krut Museksvideo, dee vum Isaiah Wilson gedréint gouf.[4] Si sinn 2017 och um Rock de Schleek, um Rock um Knuedler, um Food For Your Senses, op der Fête de la musique zu Diddeleng an um Rock un der Atert opgetrueden.

D'Lidd Rainbow Coloured Stone gouf am Fréijoer 2018 verëffentlecht, mat engem Clip vum Léa Giordano a Joé Birchen.[5] Am selwechte Joer koumen och nach d'Lidder Sound of Life a Regret It eraus, an d'Band huet um Screaming Fields gespillt.

2019 haten d'Trappers weider Optrëtter op Museksfestivallen (Kolla Festival, Rock de Schleek, e-Lake, Stater Fête de la musique, Food For Your Senses) an déi bis ewell lescht Single City in Blue koum am Dezember eraus, déi – wéi schonn déi dräi Lidder virdru – vum Tom Gatti gemëscht a gemastert gouf.

2020 ass et roueg ëm d'Band ginn an et ass net kloer, ob se nach existéiert oder d'Membere sech getrennt hunn.

Remove ads

Diskografie

EP

  • 2017: Timshel

Singelen

  • 2017: Hold On
  • 2018: Rainbow Coloured Stone
  • 2018: Sound of Life
  • 2018: Regret It
  • 2019: City in Blue

Um Spaweck

Referenzen

  1. Rock auf der Ranch vum Martina Folscheid, Télécran, onbekannt Ausgab am Joer 2016, Säiten 46-47 (Foto vum Artikel)
  2. Post op der Grupp hirer Facebooksäit de 5. August 2015
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads