Trumpler 14

oppene Stärekoup am Stärebild Carina From Wikipedia, the free encyclopedia

Trumpler 14
Remove ads

Den Trumpler 14 (oder Collinder 230) ass en Oppene Stärekoup am Stärebild Carina um südleche Stärenhimmel. Hie läit ronn 8.000 Liichtjoer vum Sonnesystem ewech am Carinaniwwel an huet en Duerchmiesser vu knapps 6 Liichtjoer. Mat engem Alter vun 300.000–500.000 Joer gehéiert hien zu de jéngste Kéip an der Mëllechstrooss.

op ee Bléck Stärebild, Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 ...

Et ass e masseräiche Koup mat ronn 2000 jonke Stäre vun alle Gréisseklassen. Zum Beispill den Superris HD 93129A, ee vun den hellste Stären an eiser Galaxis. Dee Stär ass ronn 80-mol méi masseräich wéi eis Sonn a liicht 2½ Millioune mol méi hell.[1]

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Thumb
Infraroutfoto vun engem Carina-Niwweldeel, den Trumpler 14 (Mëtt-lénks), erstallt mam Very Large Telescope.

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads