Turelbaach

Baach zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Turelbaach
Remove ads

D'Turelbaach ass eng Baach an de Gemengen Esch-Sauer, Groussbus-Wal a Mäerzeg. Se huet hir Quell um Flouer Hunnebruch (Hierheck), op enger Héicht vu 475 Meter, a leeft dann no kuerzer Zäit a südëstlecher Richtung, an engem Dall tëscht Dellen a Mëtscheed. Op deem Laf mécht si grosso-modo d'Grenz tëscht de Gemenge Groussbus an Esch-Sauer.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Turelbaach. Fir de Lieu-dit, kuckt wgl. Turelbaach (Lieu-dit).
op ee Bléck An anere Sproochen, Längt ...

Ënnerwee hëlt se an hirem Uewerlaf vu lénks 3 kleng Baachen ouni Numm op, da vu riets d'Welschebaach a vu lénks um Dellerstee eng weider anonym Baach. Um Lieu-dit Turelbaach fiddert s'e Weier, an deem zwou kleng Insele sinn, a wou op enger dovun d'Schlass Turelbaach steet. Vun do un leeft s'um Territoire vun der Gemeng Mäerzeg.

No am Ganzen 9 Kilometer leeft se zu Mäerzeg Am Vullepesch, op enger Héicht vun 311 Meter, op där hirem Kilometerpunkt 19,45 vu lénks an d'Waark.

Remove ads

Chaînage

Méi Informatiounen Baseng, Niewebaseng ...
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads