Vallauris

franséisch Gemeng am Departement Alpes-Maritimes From Wikipedia, the free encyclopedia

Vallauris
Remove ads

Vallauris ass eng Gemeng a Frankräich, am Departement Alpes-Maritimes an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. Si läit um Stadgebitt vun Sophia-Antipolis, a gehéiert als Vieruertschaft zu Antibes, an zwar op der westlecher Säit.

Méi Informatiounen Kanton, Postcode ...
Remove ads

Kultur

1948, ass de Moler Pablo Picasso op Vallauris komm an huet do bis 1955 gewunnt. Vallauris ass bekannt wéinst sengen Atelieren déi Faïence- a Keramikartikele fabrizéieren. A sou engem Atelier huet de Picasso du geschafft an huet do Molereien a Skulpturen entworf. Bekannt Keramiste waren deemools de Roger Capron a Charles Voltz. Vill eeler Awunner vu Vallauris erënnere sech haut nach un hien an u seng Zäitgenossen, a seng Partnerin vun 1944 - 1953 d'Françoise Gilot an hir Kanner Claude a Paloma, an och d'Jacqueline Roque, seng lescht Partnerin, mat där hie sech den 2. Mäerz 1961 zu Vallauris bestuet huet.

Remove ads

Kuckeswäertes

  • Picasso-Musée
  • Kierch, an där sech vill Koppelen, dorënner munnech prominent Leit, wéi d'Rita Hayworth an den Aly Khan bestuet hunn.
  • de Maart zu Vallauris
  • d'Statu De Mann mam Schof, déi de Picasso der Uertschaft Vallauris geschenkt huet an déi op der Plaz virun der Kierch opgestallt ass.

Fotoalbum

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Vallauris – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads