WEmobility
lëtzebuergesch Bus- a Reesgesellschaft From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
WEmobility Sàrl ass eng lëtzebuergesch Bus- a Reesgesellschaft mat Sëtz zu Dikrech[1]. Se assuréiert ë. a. Buslinnen am Kader vum RGTR an de stättesche Bussen.

Remove ads
Geschicht
Den 3. Juli 2015 hunn d'Entreprisen Autocars Zenners a Voyages Emile Weber eng Firma mam Numm Voyages Zenners (sàrl) a mat engem Gesellschaftskapital vun 200.000 € gegrënnt. Déi zwou Firmaen haten allebéid 1.000 Parten vun 100 € an de Sëtz vun der Gesellschaft war zu Rëmerschen[2].
De 16. Dezember 2019 huet Autocars Zenners seng Parten u Voyages Emile Weber iwwerginn, woumat déi eenzegen Associé gouf[3].
Op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung de 26. Abrëll 2022 goufen e puer Ännerungen decidéiert: d'Firma krut den neien Numm WEmobility, de Siège gouf vu Rëmerschen op Dikrech verluecht an den Zweck vun der Gesellschaft gouf erweidert a méi detailléiert beschriwwen[4].
Am Kader vun enger besserer a méi effizienter Organisatioun vu sengen Aktivitéiten am Norde vum Land, huet Voyages Emile Weber de 17. Juli 2022 en Deel vu sengen Aktivitéiten u WEmobility ofgestouss[5][6]. De selwechte Moment huet WEmobility och Voyages Wagener vu Mäerzeg, Voyages Simon vun Angelduerf a Bollig Voyages vun Iechternach iwwerholl[7].
- Busse vun de fréieren Entreprisen déi vu WEmobility iwwerholl goufen
- Voyages Bollig (2013)
- Voyages Simon (2016)
- Voyages Wagener (2011)
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: WEmobility – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- (fr) B198464 - Voyages Zenners, Immatriculation. lbr.lu (03.07.2015). Gekuckt de 17.08.2022.
- (fr) B198464 - Voyages Zenners, Constitution de société. lbr.lu (07.07.2015). Gekuckt de 17.08.2022.
- (fr) B198464 - Voyages Zenners, Modification non statutaire. lbr.lu (16.12.2019). Gekuckt de 17.08.2022.
- (fr) B198464 - Voyages Zenners, Modification non statutaire. lbr.lu (26.04.2022). Gekuckt de 17.08.2022.
- (fr) B198464 - WEmobility; B16639 - Voyages Emile WEBER S.à r.l., Projet d'apport d'une branche d'activité. lbr.lu. Gekuckt de 17.08.2022.
- (fr) B198464 - WEmobility, Modification statutaire. lbr.lu (28.07.2022). Gekuckt de 17.08.2022.
- (fr) B198464 - WEmobility, Modification non statutaire. lbr.lu (12.08.2022). Gekuckt de 17.08.2022.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
