Waassertuerm zu Dol
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Waassertuerm zu Dol an der Gemeng Géisdref versuergt d'Dierfer Dol, Géisdref, Nacher, Boukels a Masseler mat Drénkwaasser.



Den Tuerm steet am Weste vun der Uertschaft, do wou d'Duerfstrooss (CR321A) op d'Wëltzerstrooss (CR321) stéisst[1]. E steet op enger Héicht vu 494 Meter (NG-L). En ass 29 Meter héich a säi Baseng späichert 250 Meter-Kibb Waasser[2]. De Waasserbehälter selwer steet op 4 Stäipen déi mat Schifersteng gebaut sinn. De pyramidefërmegen Daach ass mat Koffer gedeckt.
Um Fouss vum Tuerm ass e Schiferblock mat enger Informatiounsplack iwwer den Tuerm ze gesinn.
Den Tuerm gouf 1985 vun der Entreprise Fränz-a-Jang-Agnes[3] vun Ettelbréck gebaut.
Remove ads
Kuckt och
- Aner Waassertierm zu Lëtzebuerg:
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- Cf. d'Strooseschëlter op der Plaz (Juli 2012)
- Cf. d'Infoplack beim Tuerm. D'Websäit vun der Gemeng Géisdref gëtt aner Zuelen un: 27 m fir d'Héicht an 220 m3 fir de Waasserbaséng (gelies de 26. Juli 2012).
- Zanter 2007: Agnes Constructions succ. S.A.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
