Wathermal
belsch Uertschaft an der Gemeng Gäilech (Provënz Lëtzebuerg) From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Wathermal ass, zanter der Gemengereform vun 1976/77 an der Belsch, eng Uertschaft vun der Sektioun Beho an der Gemeng Gouvy, Provënz Lëtzebuerg, Regioun Wallounien.
Remove ads
Toponymie & Geschicht
Op Däitsch gëtt den Numm vun der Uertschaft 'Watermal' oder 'Wattermal' geschriwwen. Dee ganze Streech, wou Lëtzebuergesch geschwat gouf/gëtt, gouf fréier zum sougenannten Altbelgien gezielt, d. h. zu de Gebidder, déi schonn ëmmer belsch waren, awer wou eng germanesch Ëmgangssprooch, eventuell nieft dem Däitschen, am Gebrauch war. Dës Gebidder sinn haut bal komplett franciséiert.[1]
Am 14. Joerhonnert gouf den Numm an der Form vu 'Wauttiermor' geschriwwen, an am 16. vu 'Wattermali'. Den Toponym erklärt sech als 'Mallum' vum Walthari, deemno als Versammlungsplaz vun engem germanesche Sippechef, dee Walthari (Walter / Gauthier) geheescht huet.
Dee Landstreech huet de fréien däitsche Kinneke gehéiert, déi et am 9. Joerhonnert dem Doumkapitel vun Oochen geschenkt hunn. Spéider huet d'Uertschaft Wathermal zur Meierei Gouvy gehéiert, déi selwer zu der Probstei Baaschtnech gehéiert huet.
D'Kapell Saint Hubert & Saint Antoine vu Wathermal huet hir Originnen am 13. / 14. Joerhonnert.
Remove ads
Literatur
- Jean-Jacques Jespers, Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles; Bréissel (Éditions Racine), 2005; S. 630. - ISBN 2-87386-409-5
- Guy Schrobiltgen, Les régions germanophones de Belgique et leur langue - Les concepts de "Altbelgien (Albelsch)" et "Neubelgien (Neibelgien, Neibelsch)" ; in: Eis Sprooch iwert all Grenzen [= eng Broschür vun Areler Land a Sprooch, erausginn zu der Geleeënheet vun der Internationaler Muselfränkescher Woch]; Diddebuurg/Thiaumont & Heeschtert/Heinstert, 5. & 6. Oktober 1979; Ss. 29-36.
Remove ads
Referenzen
- Roland Willemyns & Helga Bister-Broosen, Deutsch in Belgien im 19. Jahrhundert; in: Dieter Cherubim, Siegfried Grosse & Klaus J. Mattheier (Eds.), Sprache und bürgerliche Nation: Beiträge zur deutschen und europäischen Sprachgeschichte des 19. Jahrhunderts. Berlin/New York 1998: 72 & 76
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads