Wued

Deel vum ënneschte Bee From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Wued (op Latäin: Sura) ass en Deel vum ënneschte Bee vum mënschleche Kierper a vum Kierper vu ville Wierbeldéieren. Et ass den hënneschten Deel vum ënneschte Been.[1]

Thumb
E Mann mat enger kuerzer Box, bei där seng Wueden exposéiert sinn.

D'Wued am mënschleche Kierper

Den Haaptmuskel an der Wued, de Musculus triceps surae, ass e Skelettmuskel. En ass iwwer d'Achillesseen mat der Feescht vum Fouss verbonnen. Et gëtt awer och nach aner, méi kleng Muskelen, déi mam Knéi, dem Knéchel an iwwer laang Seene mat den Zéiwe verbonne sinn.

D'Haaptfunktioun vun der Wuedemuskulatur ass d'Plantarflexioun vum Fouss, also d'Béie vum Fouss oder den Zéiwen a Richtung vun der Fousssuel. Dat spillt eng zentral Roll beim Goen. Si wierken awer och beim Dréie vum Foussgelenk mat.[2]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Wued – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (de) Wade. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 31. Juli 2025.
  2. (de) Musculus triceps surae. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 31. Juli 2025.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads