From Wikipedia, the free encyclopedia
En Äerdbiewen entsteet duerch Beweegunge vun de risege Placken op der Äerdlithosphär. Äerdbiewen an de Mierer ginn och nach Séibiewe genannt. Pro Joer gëtt et ongeféier iwwer eng Millioun Äerdbiewen, woubäi een déi mannst awer mierkt. Anerer sinn awer sou staark, datt ganz grouss Schied dobäi entstinn.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Äerdbiewen entstinn duerch dynamesch Prozesser an der Äerd. D'Placke reiwe laanschteneen wouduerch sech Schockwellen, sougenannt seismesch Wellen, duerch de Buedem ausbreeden. Déi Biewe gi vun engem ënnerierdesche Punkt aus, engem Hypozentrum. Dee ka bis zu 700 m déif an der Äerd leien. Nëmme wann déi Biewe bis un d'Äerduewerfläch eropkommen, entsti Schied. D'Schockwelle breede sech dann a Form vun engem Krees vun engem Punkt aus, deen direkt iwwer dem Hypozentrum aus. Dee Punkt gëtt Epizentrum genannt.
Commons: Äerdbiewen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.